Radioen

On air

Moiesstudio  |  Wéi vill archeologesch Schätz ginn et zu Lëtzebuerg?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland attackéiert d'Ukrain weider aus der Loft, den Donald Trump dreet Russland mat weidere Sanktiounen

Krich an der Ukrain

Russland attackéiert d'Ukrain weider aus der Loft, den Donald Trump dreet Russland mat weidere Sanktiounen

Russland attackéiert d‘Ukrain den Ament intensiv. An der Nuecht op de Samschdeg si bei Frappen op d‘Stad Dobropillia am Oste vun der Ukrain 12 Leit ëm d‘Liewe komm, mellen d‘Autoriteiten, weider 30 wieren der blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

Ukrain non russescher Rakéitenattack | © picture alliance / NurPhoto | Yevhen Titov
Ukrain non russescher Rakéitenattack (Foto: picture alliance / NurPhoto | Yevhen Titov)

Och d'Hafestad Odessa war op en Neits am Viséier. Hei wier et virun allem materielle Schued ginn, do ginn et keng Informatiounen iwwert mënschlech Affer.

Den US-President Donald Trump huet iwwerdeems Verständnis gewisen, fir d'Virgoe vum russesche President Wladimir Putin. Op d'Fro, ob de Putin den aktuelle Sträit tëschent den USA an Kiew géif ausnotzen, sot den Trump, de Putin géif dat maachen, wat all Aneren an deem Fall och géif maachen. Fir de Recht wier et méi einfach mat Russland ze verhandelen, ewéi mat der Ukrain, esou dem Trump seng Analys.

Hien huet Russland awer mat neie Sanktioune gedreet, wa si net mat de Frappe mat Rakéiten an Dronen op d‘Ukrain ophalen.