Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespréicher zu Paräis 

Hëllefe fir d'Ukrain

Gespréicher zu Paräis 

Um Dënschdegnomëtteg koumen zu Paräis eng 32 Militärcheffen zesummen, fir ënner anerem iwwer den Asaz vun europäesche Friddenstruppen an der Ukrain ze diskutéieren. Och Lëtzebuerg war hei vertrueden, net awer d'USA. Um Mëttwoch ginn an der franséischer Haaptstad d'Gespréicher weider.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

Militärvertrieder aus ganz Europa, dorënner de Lëtzebuerger Chef d'Etat-major Steve Thull, waren op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron zu Paräis zesummekomm. Och Militärvertrieder vun NATO-Partnerstaate wéi Kanada oder d’Tierkei waren dobäi a souguer aus Australien. 

Eng staark ukrainesch Arméi 

Net dobäi waren allerdéngs d'Amerikaner. De Grond fir dës Reunioun: Et soll eng Koalitioun vu Staaten entstoen, déi bereet si sech u credibele Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain ze bedeelegen. De franséische Verteidegungsminister Sébastien Lecornu huet och un dëser Entrevue deelgeholl, kuerz virdru war hien an der Assemblée nationale a sot déi bescht Sécherheetsgarantie wier eng staark ukrainesch Arméi.

E franséisch-brittesche Friddensplang

Bei der confidentieller Reunioun gouf iwwer de franséisch-brittesche Friddensplang diskutéiert, dee bei engem Waffestëllstand weider russesch Attacken op d'Ukrain verhënnere soll, zum Beispill duerch den Asaz vun europäesche Friddenstruppen. Am Virfeld hat den Elysée matgedeelt, et misst een elo hei vun der Iddi op e konkrete Plang kommen. 

Och haut ginn d'Gespréicher weider, de Sébastien Lecornu huet seng Homologen aus Däitschland, Groussbritannien, Italien a Polen op Besuch. Och den ukrainesche Verteidegungsminister wäert fir dës Reunioun bäigeschalt ginn.

Lauschterenplay_arrow