Den Accord géif och d'Inclusioun vun alle reliéisen an ethnesche Gruppen a Syrie garantéieren, sou déi staatlech syresch Noriichtenagence.
Dës Annonce steet awer weider am Schied vun de Massakere vun Honnerten alawiteschen Zivilisten. Dat ass d'Communautéit, zu der och de fréiere gestierzte President Bashar al Assad gehéiert. Responsabel dofir ware Member vun der Police an Arméi vum aktuelle Regime, seet d'ONG Syreschen Observatoire fir Mënscherechter. De syreschen Interimspresident Ahmed al-Scharaa huet eng onofhängeg Enquête ugekënnegt.