Douanestaxe wiere kontraproduktiv fir d’Wirtschaft, de Business a virun Allem fir de Konsument, huet d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an engem Statement betount. Well d’USA Taxen an Héicht vun 28 Milliarden Dollar elo op Stol an Aluminium applizéieren, géif ee vum Abrëll un an zwou Etappen drop reagéieren. Et géif een awer weider fir Verhandlungen oppe bleiwen.
Géigentaxe an Héischt vu 26 Milliarden Dollar
Vun Abrëll u sollen deemno, an enger éischter Phase, EU-Importer vu Whiskey, Motorrieder a Schëffer aus den USA taxéiert ginn.
An enger zweeter Etapp kéimen nach aner Produiten dobäi, wéi Stol, Aluminium, Wueren aus Lieder, Textilien, Holz a Géigestänn aus Plastik grad wéi Landwirtschaftsproduiten. Alles an allem sollen d’Géigentaxen sech op 26 Milliarden Dollar belafen, dat sinn zwou Milliarde manner wéi de Volume vum US-amerikaneschen Taxe-Pak.
Weltwäiten Impakt
Den Donald Trump hofft, datt déi US- amerikanesch d‘Douanes-Taxen déi national Stol an Aluminium Produktioun wäerte stäerken. Consternéiert vun deenen US-Douanestaxe sinn nieft der EU, och Kanada, China, Japan an Australien.