Radioen

On air

Mëttesrascht  |  D’Beispillssätz am LOD

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neiwalen a Portugal

Politik

Neiwalen a Portugal

No nëmmen engem knappe Joer am Amt gouf déi konservativ Minoritéitsregierung gestierzt. 

auto_stories

1 min

Luís Montenegro | © picture alliance / NurPhoto | Rita Franca
Luís Montenegro (Foto: picture alliance / NurPhoto | Rita Franca)

De portugisesche Premier Luís Montenegro huet um Dënschdeg wéi erwaart d'Vertrauensfro am Parlament verluer. Hie stoung ënner Drock wéinst dem Virworf vun engem Interessekonflikt an Zesummenhang mat enger Immobilien-Entreprise. D'Neiwale wäerte viraussiichtlech am Mee sinn.