D'Boeing 737-800 vun der südkoreanescher Bëllegfluchgesellschaft Jeju Air war mat 181 Mënschen u Bord vu Bangkok op Muan geflunn. Bei der Landung ass de Fliger iwwer d'Pist eraus an eng Mauer gerannt an explodéiert. Zwee Membere vum Equipage hunn iwwerlieft.
D'Ursaach vum Ongléck ass nach onkloer. Experte soen, et kéinten eng Rei vu méiglechen Ursaache ginn. Bei der Landung waren d'Rieder vum Fliger net erauskomm.
Südkoreanesche Medie no hätt den Tower zu Muan virun enger méiglecher Kollisioun mat Vigel gewarnt. Kuerz drop hätten d'Piloten en Noutruff gemaach.
Fir d'Ursaach ze kläre ginn den Ament och nach déi zwou schwaarz Këschte mat den Opnamen aus dem Cockpit an den techneschen Daten ënnersicht.