Radioen

On air

Notturno  |  Ayizan - Deblozay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Neit Joer, al Problemer?

Ausbléck op dat neit Joer

Frankräich: Neit Joer, al Problemer?

No engem immens turbulenten an opreegenden 2024 fänkt Frankräich dat neit Joer do un, wou dat aalt opgehal huet: An der politescher Kris. Ka sech d'Regierung un der Muecht halen, a wéi eng Dossiere gi wichteg? Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl wot en Ausbléck op déi nächst 12 Méint am Hexagon. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Godong Photo/Adobe Stocks

No engem Joer mat véier verschiddene Premiere wënscht sech den Emmanuel Macron fir 2025 virun allem politesch Stabilitéit a Kompromëssbereetschaft. Dat huet de President a senger Usprooch op Silvesterowend op France 2 kloergestallt.

Schonn a knapp zwou Wochen, de 14. Januar, wäert den neie Premier François Bayrou seng Regierungserklärung an der Assemblée Nationale presentéieren a probéieren, déi aner Parteie vu senge Projeten ze iwwerzeegen. Ouni absolut Majoritéit ass de Bayrou op hir Stëmmen ugewisen.

Déi lescht Regierung hat e Mësstrauensvott wéinst dem Budget net iwwerstanen. Déi nei wëllt et elo besser maachen a wäert wuel Mëtt Februar hire Budget presentéieren.

RN hofft op nei Walen

Wéinst dem politesche Chaos 2024 ware vill grouss Dossieren op Äis geluecht ginn, dorënner d'Stierfhëllef an eng eventuell Immigratiounsreform. A senger Usproch huet den Emmanuel Macron uklénge gelooss, datt et dëst Joer zu e puer Referende kéint kommen.

Beim rietsextreemen RN hofft een, datt d'Presidentielle wéinst dem Chaos net eréischt 2027, mee schonn dëst Joer ofgehale gëtt. Och well hir Kandidatin, d'Marine Le Pen, wéinst Verontreiung vun EU-Gelder fir d'Wale kéint gespaart ginn.

D'Urteel an dësem Prozess gëtt am Mäerz gesprach.

10 Joer no den Terrorattacken zu Paräis

2025 ass awer och e Gedenkjoer: 10 Joer sinn et hier, datt et zu Paräis zu grujelegen Terrorattacke koum, ënner anerem op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo an de Concertssall Bataclan.

12 Méint waarden also op Frankräich, déi sech net manner turbulent wéi déi lescht undeiten. 

Lauschterenplay_arrow