Radioen

On air

Notturno  |  Maehila - Call You Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flughafe vu Muan a Büroe vu Jeju Air goufen duerchsicht

Nom Fligerongléck a Südkorea

Flughafe vu Muan a Büroe vu Jeju Air goufen duerchsicht

A Südkorea huet d'Police de Flughafe vu Muan duerchsicht. Dat véier Deeg nom Fligerongléck mat 179 Doudegen. Och d'Büroe vun der Fluggesellschaft Jeju Air wiere vun der Police duerchsicht ginn, esou déi südkoreanesch Noriichtenagence Yonhap.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Russian Look | Leonid Faerberg
Foto: picture alliance / Russian Look | Leonid Faerberg

D'Police enquêtéiert wéinst Verdacht vun Homicide involontaire. Weider Detailer goufen net matgedeelt. Et lafe separat och Enquêtë vu Boeing a vun der südkoreanescher Regierung.

De Fliger war leschte Sonndeg bei der Landung iwwert d'Pist eraus an eng Mauer geknuppt an explodéiert. D'Rieder vum Fliger waren net erauskomm. Kuerz virun der Brochlandung haten d'Piloten e Kontakt mat Vigel gemellt.

Vun den 181 Leit u Bord hunn zwee Member vum Equipage d'Ongléck iwwerlieft.