D‘Noutschleisunge konnte virun enger Woch ofgeschloss ginn. D‘Schleisekummer gouf elo dréche geluecht fir mat den eigentleche Reparaturaarbechten unzefänken. Enn Januar soll déi nei Part agebaut ginn.
Den 1. Februar kéint d‘Schleis no enger Rei vun Tester dann nees normal funktionéieren.
Si war den 8. Dezember bei der Kollisioun mat engem Schëff beschiedegt ginn.