arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Solle Gewalt- oder Sexualtäter hir Garde- a Visitterechter verléieren?

Diskussioun an der Chamber

|
headphones

2 min

Solle Gewalt- oder Sexualtäter hir Garde- a Visitterechter verléieren?

Sollen Elterendeeler, déi wéinst gewësse Gewalt- oder Sexualdelikter ugeklot oder verurteelt sinn, automatesch den Droit de Garde an de Droit de Visite fir hir Kanner verléieren, fir d’Kanner besser ze schützen? Doriwwer gouf de Moien an der Chamber-Justizkommissioun kuerz diskutéiert.

headphones

2 min

Chamberdebatt | © Flickr Chambre des Députés
Chamberdebatt (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Déi gréng Deputéiert a fréier Justizministerin Sam Tanson hat Mëtt Oktober eng Gesetzpropositioun gemaach, fir de Code civil op dësem Punkt ofzeänneren. D’Rechter sollen den Elterendeeeler entzu ginn, bei ënner anerem Verurteelunge wéinst sexuellen Iwwergrëffer op dat eegent Kand, op aner Mannerjäreger oder wéinst haislecher Gewalt géint de Partner.

Kanner misste geschützt ginn

D’Justizministerin huet an der Sitzung gesot, datt een d’Suerge vun der Oppositiounsdeputéierter géif deelen. Kanner an esou Fäll missten esou gutt wéi méiglech geschützt ginn, esou d’CSV-Politikerin Elisabeth Margue.

Och déi gréng Deputéiert Sam Tanson huet de Moie Sécherheetsgrënn genannt, fir déi proposéiert Changementer.

“Et héiert een awer och ganz oft, déi extreem konfliktuell Situatiounen, déi doduerch entstinn, wou dann dem Partner, deen Affer ass, dann och nach muss streide mat sengem Ex-Partner, an dann eeben ëmmer nach de Kontakt mat de Kanner huet, déi dann do dertëschent geroden, wou awer wierklech Gewalt am Spill steet, wou deemno wéi och ganz schlëmm Saachen am Raum stinn. An hei ass net, dass dann definitiv deen Droit de garde oder Visite fort wär, mee fir et elo mol ëmzekéieren an dass en an enger éischter Phas fort wär. Dat wär meng Propos. (...) Et geet mer virun allem drëm, dass mer heiriwwer diskutéieren (...)”

Der Sam Tanson hir proposéiert Modifikatioun gesäit och eng automatesch Suspendéierung vum Droit de Garde an de Droit de Visite vir, och scho wärend der juristescher Prozedur.

D’Justizministerin Elisabeth Margue huet gewarnt, datt ee misst oppassen, datt dat an enger konfliktueller Situatioun net kéint mëssbraucht ginn.