Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sécherheet vun de Giischtercher soll weider verbessert ginn

Nom Tëschefall d'lescht Woch

Sécherheet vun de Giischtercher soll weider verbessert ginn

D‘Giischtercher hätte bei der Attack d‘lescht Woch am Prisong zu Giwenech ganz professionell reagéiert an d‘Sécherheet an den Ordre public wieren zu kengem Moment a Gefor gewiescht. Dat äntwert d‘Justizministerin Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vun deene Gréngen.

auto_stories

1 min

An Zukunft soll no bannen eng gréisst méiglechst Beweegungsfräiheet bestoen. | © Marlène Clement
Foto: radio 100,7

Beim Tëschefall waren eng ganz Partie Mataarbechter ugegraff a blesséiert ginn. Ee Giischtje koum wéinst Blessuren um Kapp an d‘Spidol.

Fir d‘Sécherheet vun de Giischtercher weider ze verbessere soll elo eng intern Etüd gemaach ginn, fir ze kucken, wéi zum Beispill d‘Iwwerwaachungskameraen an de Prisongen an d‘Formatioune fir d‘Giischtercher weider verbessert kënne ginn.

An den 3 Prisongen zu Giwenech, Suessem a Schraasseg goufen et an de leschte 5 Joer iwwerdeems am Ganze 75 Aggressioune géintiwwer dem Personal, sou nach d‘Justizministesch. Dozou gehéieren nieft Aggressiounen och zum Beispill och, datt op ee Giischtje gespaut gouf, oder datt et zu Gedrécks koum.