Radioen

On air

Notturno  |  John Martyn - May You Never

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass dëst Joer am Dossier Nordstad geschitt?

Réckbléck

Wat ass dëst Joer am Dossier Nordstad geschitt?

D'Iddi fir eng Nordstadfusioun gëtt et schonn zanter 2006. Sollt si Realitéit ginn, da wier d'Nordstad aus Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng un der Sauer a Schieren déi véiertgréisst Gemeng am Land, mat ronn 25.000 Awunner. Vun 2018 u goufen d'Gespréicher méi konkret, mee dëst Joer huet et dono ausgesinn, wéi wann déi fusionéiert Nordstad méi kleng kéint ginn.

auto_stories

3 min

Nordstad | © Chris Zeien
Foto: radio 100,7

Virun allem Bettenduerf huet sech nämlech déi lescht Méint iwwer Froe gestallt, ob si nach bei där Fusioun matmaache soll oder net. Am Dezember gouf et dunn och zu Ierpeldeng Stëmmen, déi e Referendum gefuerdert hunn.

De Bettenduerfer Gemengerot wëllt aus dem Fusiounsprozess eraus ...

Ugefaangen huet dee Bettenduerfer Feuilleton u sech am September mat engem éischte geheime Vott vum Gemengerot, deen du mat 7 Stëmmen zu 4 decidéiert hat, net méi um Fusiounsprozess deelzehuelen. Well déi Ofstëmmung awer net hätt dierfe geheim sinn, war se vum Inneministère annuléiert ginn an hat am Oktober misse widderholl ginn. Rebelote am Oktober: Mat 7 zu 4 Stëmme blouf de Gemengerot dunn dobäi, fir net méi beim Fusiounsprozess dobäi ze sinn. Eng Motioun vun der Conseillère Suzette Serres, datt amplaz vun deem zweete Vott e Referendum sollt organiséiert ginn, war do virdrun irrecevabel erkläert ginn. Dee Moment huet et also dono ausgesinn, wéi wann d'Diskussiounen iwwer eng Nordstad-Fusioun just nach zu 4 géife weidergeféiert ginn. De Buergermeeschter Patrick Mergen war allzäit formell:

"4 géint 7. Voilà, domat ass d‘Decisioun geholl, an d’Saach vun der Nordstad ass dann elo eriwwer."

... eng Biergerinitiativ wëllt weider un de Fusiounsgespréicher deelhuelen

Domat war et awer nach net gedoen: Eng Biergerinitiativ zu Bettenduerf hat nämlech souzesoen a Rekordzäit 598 valabel Ënnerschrëfte beieneen, fir datt et zu engem Referendum sollt kommen. Zu deem kënnt et elo a ronn 3 Méint.

De Gemengerot huet a senger Dezember-Sëtzung eestëmmeg decidéiert, datt dee Referendum den 23. Mäerz wier. 20 Prozent Ënnerschrëfte vun Awunner gi fir e Referendum duer. Déi 598 Signaturen hunn awer eppes méi wéi 35 Prozent entsprach. Den 23. Mäerz kréien d'Bierger dann dës Fro gestallt, déi de Buergermeeschter Patrick Mergen an der Sëtzung virgelies hat.

"Voulez-vous que le conseil communal finalise les discussions exploratoires afin que les citoyens de la commune de Bettendorf puissent se prononcer de façon éclairée lors d’un referendum en 2027 sur une éventuelle fusion avec les communes de Diekirch, Erpeldange-sur-Sûre, Ettelbruck et Schieren?"

A ronn 3 Méint ginn d'Bierger:innen deemno gefrot, ob si wëllen, datt de Gemengerot d'Sondéierungsgespréicher ofschléisst, fir datt d'Bettenduerfer 2027 informéiert an engem Referendum iwwer eng méiglech Fusioun mat Dikrech, Ierpeldeng un der Sauer, Ettelbréck a Schieren ofstëmme kënnen.

Den Ierpeldenger Buergermeeschter fäert en Dominoeffekt

D'Diskussiounen zu Bettenduerf haten op d'mannst scho mol Auswierkungen op Ierpeldeng un der Sauer. Do huet sech de Gemengerot um Dag nom Bettenduerfer Jo zum Referendum awer dogéint entscheet, datt et och do virun 2027 zu engem Referendum kënnt.

Dobäi war et dem Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis nom negative Vott vum Bettenduerfer Gemengerot am Oktober selwer net geheier.

"Dee Bettenduerfer Vott do, deen huet scho Spueren hannerlooss. Dat ginn ech wierklech zou. Ech weess och elo net, wat an deenen anere Gemengen elo wäert decidéiert ginn. Ech mengen, fäerten, datt en Dominoeffekt kënnt, dat ass sécher do, jo!"

Den nächste Schrëtt am Dossier Nordstadfusioun ass egal wéi dee Referendum zu Bettenduerf den 23. Mäerz. Woubäi d'Resultat dovun net contraignant ass. Dat heescht de Gemengerot muss sech net dorun halen. An dann dierft, am Prinzip, näischt méi bis 2027 geschéien. Da wäerte sech Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng, Schieren an eventuell och Bettenduerf an engem Referendum definitiv zur Fusioun vun der Nordstad positionéieren.