Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASTI: Näischt iwwerstierzen no Chute vum Assad-Regimm

Syrien nach ëmmer onstabel

ASTI: Näischt iwwerstierzen no Chute vum Assad-Regimm

D‘ASTI setzt sech dofir an, datt nach keng syresch Flüchtlingen zréck an hirt Land geschéckt ginn. Och no der Chutte vum Diktator Baschar al-Assad wier Syrien nach ëmmer een onstabelt Land, wou Gewalt a Mënscherechtsverletzungen op der Dagesuerdnung wieren, esou d‘ASTI.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken

Besonnesch d‘Situatioun vun de Fraen, déi hei am Land ugefaangen hätte sech ze emanzipéieren, wier nach ze vill ongewëss, heescht et am Schreiwes. D‘Asti erënnert drun, wéi et nom Arabesche Fréijoer oder an Afghanistan gaangen ass. Dofir sollt een elo näischt iwwerstierzen, a keng Leit forcéieren, zréck ze goen, esou den Appell un d‘Regierung.