Radioen

On air

Notturno  |  Claire Rousay & Helena Deland - Deceiver

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlechen Transport iwwer d'Feierdeeg

Mobilitéit

Ëffentlechen Transport iwwer d'Feierdeeg

Vun haut, Hellegowend u ginn et fir d’Feierdeeg e puer Ännerunge beim ëffentlechen Transport. Dës Ännerunge betreffen d‘Bussen, Zich, den Tram an den Adapto.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

CFL Bus | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Ween haut nach schaffe muss an op den ëffentlechen Transport ugewisen ass, muss bis spéitstens um 8 Auer den Owend säi Bus oder säin Zuch erwëscht hunn. Soss gëtt et enk fir mat Zäit fir d’Chrëschtdagsiessen an d’Kaddoen doheem ze sinn, erkläert den Directeur adjoint vum Ministère fir Mobilitéit Christian Mousel. Vun 8 Auer den Owend u, gëtt de ganzen ëffentlechen Transport agestallt.

"Muer op Chrëschtdag fueren Zich, wéi dat generell fir d'Feierdeeg gëllt. Den Tram an den Adapto fuere vu siwen Auer un an d'Busreseauen AVL, RGTR an TICE fuere vun 8  Auer un, laut dem Horaire, wéi e fir Sonndeger a Feierdeeg üblech ass."

Déi üblech Feierdagshorairë gëllen och fir Stiefesdag de 26. Dezember.

Zousätzlech Nuets-Linne fir Sylvester

Fir Silvester huet sech den ëffentlechen Transport och adaptéiert. De Christian Mousel. D‘CFL organiséiert zousätzlech Zich a Late-Night-Busser. Den Tram, d‘Stater City-Night Busser a verschidden aner AVL-Linne fueren d‘Nuecht duerch, esou de Christian Mousel. Den Adapto fiert op Sylvester da vu moies 7 bis owes 11 Auer.

Op Neijooschdag fueren den RGTR an den Adapto vun 8 Auer Moies un. Fir de Rescht vum ëffentlechen Transport gëllen dann déi üblech Feierdag- a Sonndeshorairen.

Méi Informatiounen an Detailer fannt der online op mobilitéit.lu.

Lauschterenplay_arrow