arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoule mussen sech elo schonn a puncto franséisch Alphabetiséierung virbereeden

ADR verwonnert

|
headphones

1 min

Schoule mussen sech elo schonn a puncto franséisch Alphabetiséierung virbereeden

Fir d‘Rentrée 27/28 muss an all Schoul eng Alphabetiséierung op däitsch a franséisch ugebuede ginn an dofir hu Schoulen a Gemengen elo schonn den Optrag kritt, Raimlechkeeten dofir ze sichen. Den ADR-Deputéierte Fred Keup wonnert sech, wéi dat méiglech ass, vu datt d‘Gesetz nach net gestëmmt ass.

headphones

1 min

Den Educatiounsminister Claude Meisch | © MLOGAT / olivier pirrotte photography
Den Educatiounsminister Claude Meisch (Foto: MLOGAT / olivier pirrotte photography)

Den Educatiounsminister Claude Meisch seet a senger Äntwert op d'parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup datt d'Instruktioun un d’Regionaldirektiounen a Gemengen Deel vun der logistescher an organisatorescher Virbereedung wier, déi fir all gréisser schoulesch Reform noutwenneg wier.

Et wier och üblech, verschidden Organisatiounsmodalitéiten am Viraus ze analyséieren, fir eng gutt Transitioun ze erméiglechen. Et wier näischt dobäi, dat net reversibel wier. Wann de Gesetzesprojet net gestëmmt oder substantiell geännert gëtt, géifen och d’Preparatiounen ugepasst ginn.