arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een neie Projet soll méi Beweegung an d'Schoule bréngen

Sport a Schoul

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Een neie Projet soll méi Beweegung an d'Schoule bréngen

Méi Beweegung an der Schoul, an dat net just an der Turnstonn, mee am Schoulalldag: Dat ass d’Iddi vum Projet "WibS - Wibbelen & intelligent beweegen an der Schoul." E Projet, dee vill Virdeeler mat sech brénge kann, esou déi Responsabel.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Am Kader vun der Campagne Screen-Life-Balance huet de Bildungsminister Claude Meisch dëse Projet gëschter um Donneschdeg zesumme mam SCRIPT zu Diddeleng an der Primärschoul um Strutzbierg virgestallt.

Méi opnamefäeg an der Beweegung

Amplaz am Klassesall, léieren d’Schüler aus dem Cycle 4 haut dobaussen. Mat klenge Käertercher an der Hand freet een deen Anere Verben op. Um Wierfel stinn d’Personalpronomen, mat deenen d’Schüler d’Verbe konjugéiere mussen. An der Kniebeuge gehockt, huet een Interêt, seng Verbe gutt ze kënnen. Et geet hei awer net ëm d‘Schnellegkeet oder dorëms, wien am beschten ass, betount den Thierry Raguet, Enseignant an der Schoul um Strutzbierg. 

"Si kënne sech fräi beweegen. Si kënnen eng Aktivitéit beim Léiere maachen, wou si net ugestréckt sinn un de Stull. Si kënne ronderëm goen, bësse méi wibbeleg sinn, an dat schwätzt si e bësse méi un."

Datt Beweegung Kanner hëlleft, sech besser ze konzentréieren, dat ënnersträicht och de Karel Achten, Beweegungs-Coordinateur vum SCRIPT fir d’Grondschoulen.

"Dat sinn Honnerte Studien, déi dat beweisen. D'Kanner, déi sech beweegen, si méi opnamefäeg, si besser konzentréiert. Souguer déi, déi an der Beweegung nach léieren, déi mierken sech dat besser."

25.000 Euro fir de WibS-Booster

Schonn zënter e puer Joer geet de SCRIPT an d‘Schoulen a proposéiert verschidden Atelieren. De WibS si véier Pilieren: E Vëlosprojet, de WibS Check, wou gekuckt gëtt, wéi fit een ass, an de WibS Class. Do gëtt an der Beweegung an der Klass, um Gank oder dobausse geléiert. De véierte Pilier ass de WibS-Booster. Dat ass en néie Projet, wéi de Bildungsminister Claude Meisch erkläert.

"Momentan hu mir effektiv vun deem Weenche mat 80 verschiddene Beweegungsaktivitéiten dran, de WibS-Booster, wéi ee genannt gëtt, e Prototyp, deen dann all Kéiers mat an d'Schoul geholl gëtt, fir do da genotzt ze ginn. A wou mir awer och nach amgaang sinn ze léieren, wat fonctionéiert, wat musse mir vläicht duerno aneschters maachen. Et ass een Element, wat mir selwer entwéckelt hunn iwwer de Script zesumme mat engem Schräiner."

© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

De WibS-Booster - also de Weenchen, an dem verschidde Seeler, Bäll, Pedaloen oder och Matten dra sinn - huet vun der Entwécklung bis d’Fäerdegstellung ëm déi 25.000 Euro kascht. Bis d’Rentrée 2026 soll de WibS-Booster 15 Mol produzéiert ginn, esou de Minister.

"Wou mir awer och elo kucken, d'nächst Joer prett ze sinn, bei der Rentrée 2026 dann op d'mannst an all Regioun ee Prototyp ze hunn, fir duerno vläicht eng Kéier an all Schoul oder och an de Maison-relaisen een ze hunn."

E Projet, deen d'Schoule solle weiderféieren

D'WibS-Class sinn déi spilleresch Methode wéi d’Wierfelspill, wou Léieren a Beweegung zesumme kommen. Beim WibS-Bike kënnt den SCRIPT mat Lafrieder an d’Schoul. Kanner kënnen hei op de Laf-Vëloe verschidde Parcourse maachen: Ronderëm Hittercher Slalom fueren, iwwer eng Matt rullen, oder sech ënner enger Bréck duerch schlängelen. Dëst ka jee no Cycle an Niveau vun de Schüler ugepasst ginn.

De WibS-Check riicht sech un de Cycle 2 bis 4. Hei gëtt de Kanner hier Leeschtung getest, esou de Karel Achten vum SCRIPT.

"Een Deel vum WibS-Check ass dann och eeben ze kucken, wéi eng Ausdauer hu si. An do gouf et mol esou ee wëssenschaftleche langweilege PIP-Test a mir hunn deen elo e bëssen opgepimpt op d'Kannerversioun mat Déieregeräischer. Mol kucken, wéi si dat hi kréien, well si kennen dat. Et geet ganz lues un. An duerno gëtt et wierklech schonn High-Performance Sprinter."

© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

D‘Déieregeräisch gëtt d’Startsignal. D’Musek indiquéiert den Tempo, an dee gëtt all ronn méi séier. D’Schüler lafen hei esou laang mat, bis si net méi kënnen. Hir Leeschtung gëtt dann opgeschriwwen. D’Eltere kéinten unhand dovun dann och aschätzen, ob hiert Kand méi oder manner sportlech ass, wéi d’Moyenne hei am Land, esou de Beweegungs-Coordinateur. An et wier och flott fir d’Kanner,e sou de Schoulmeeschter Thierry Raguet.

"An dann en Check ass natierlech ëmmer cool fir d'Kanner, esou e klenge Challenge. Wou sinn ech drun? Wéi fit sinn ech?"

Wann een als Schoul wëll Gebrauch vun engem vun dëse Projete maachen, da kann een de SCRIPT buchen. Si bréngen dann d’Saache mat an dann.

D’Iddi assocho, datt d’Schoule sech un den Aktivitéite vum WibS inspiréieren an se da selwer ëmsetzen. Ob dat geschitt, wäert ee réischt an den nächste Méint a Joren evaluéiere kënnen.

play_arrow Lauschteren