arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gros vun de Parteien ënnerstëtzt d'Alphabetiséierung op Franséisch

Chamber

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

De Gros vun de Parteien ënnerstëtzt d'Alphabetiséierung op Franséisch

An der zoustänneger Chamberkommissioun goufen haut um Dënschdeg eng Partie Froen zur Ëmsetzung vun der Alphabetiséierung op Franséisch opgeworf. An dat virun allem mam Bléck op de Bilan vum Pilotprojet "Alpha – Zesumme Wuessen".

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Klassesall | © Bigstock
Klassesall (Foto: Bigstock)

Beim Pilotprojet "Alpha – Zesumme Wuessen" gëtt déi franséisch Alphabetiséierung schonn zënter e puer Joer a véier Grond Schoulen ugebuede. 

D’Alphabetiséierung op Franséisch soll an Zukunft awer an allen ëffentleche Schoulen ugebuede ginn, esou datt d’Schüler aus dem Cycle 2.1. - also dem éischte Schouljoer – vun der Rentrée 27/28 als éischt dovu betraff sinn.

déi gréng: Enseignanten net zousätzlech belaaschten

Fir den David Wagner vun déi Lénk stellt dëst eng Opportunitéit duer fir de Schoulsystem méi gerecht ze gestalten. Et wier een éischte Schratt fir Schüler:inne mat engem Migratiounshannergrond, déi selwecht Erfollegschancen ze bidden, ewéi Kanner, deenen hir Mammesprooch Lëtzebuergesch oder Däitsch ass.

Och de Meris Sehovic vun de Gréngen an den CSV-Deputéierte Ricardo Marques gesinn dëse Gesetzesprojet positiv. Et géife sech fir de Meris Sehovic awer och eng Partie Froe stelle wat d’Ëmsetzung op nationalem Niveau ugeet.

"An dann ass eng wichteg Prekonditioun fir de Succès vun deem Projet an och eng Konditioun, fir d'Ënnerstëtzung vun deene Grénge bei deem Projet, dass mir absolutt sécherstellen, dass d'Alphabetiséierung op Franséisch net dozou féiert, dass mir d'Enseignanten um Terrain weider belaaschte mat zousätzleche bürokrateschen Hürden."

ADR: Kee Benefice fir d'Integratioun vun de Kanner

D’ADR huet sech iwwerdeems als eenzeg Partei staark géint dës Generaliséierung ausgeschwat. Fir dem Deputéierte Fred Keup säin Desaccord suerge virun allem zwee Argumenter: Engersäits géif dës Generaliséierung d’Kanner vuneneen trennen an der Integratioun vun de Kanner schueden. 

Weider wier et dem Fred Keup no nach ze fréi fir dëst uechter dat ganzt Land ze generaliséieren. Et hätt ee misse waarden, bis datt d’Kanner aus dem Pilotprojet an de Lycée komm sinn, fir de Bilan vum Projet ze zéien.

LSAP: Et kënnt ville Kanner zegutt

D’Francine Closener vun der LSAP gesäit dëst änlech: Et sollt een dee Projet net iwwerstierzen. Vu datt Lëtzebuergesch d’Langue véhiculaire soll sinn, kéint si der ADR hir Kritik zur Integratioun awer net novollzéien.

"Ech mengen, dass dat einfach renge Populismus ass. Mir kruten dat jo gewise sur place. Mir wësse ganz genau, dass et jo déi Kanner an enger Klass sinn an dass et hinnen zegutt kënnt, wa si eeben an hirer Sprooch alphabetiséiert ginn, dass och Mathé am Ufank u bidde Fall an där Sprooch dann enseignéiert gëtt an déi Kanner bleiwe jo zesummen."

An der Kommissiounssëtzung huet den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum och begréisst, datt duerch dës Generaliséierung d’Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounssprooch fungéiert.

 

play_arrow Lauschteren