arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir eng ëffentlech Europaschoul zu Schëffleng, Kritik vun der ADR

Chamber

|
reading time

2 min

Gréng Luucht fir eng ëffentlech Europaschoul zu Schëffleng, Kritik vun der ADR

D’Chamber huet gréng Luucht gi fir eng ëffentlech Europaschoul zu Schëffleng. D’Deputéiert hunn de Gesetzesprojet mat 55 Jo- zu 5 Nee-Stëmmen ugeholl. Just d’Deputéiert vun der ADR hu géint de Projet gestëmmt. Nieft engem Lycée soll och eng Primärschoul an e Preparatoire zu Schëffleng entstoen.

reading time

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

D’Majoritéitsparteien CSV an DP hunn ënnerstrach, datt doduerch d’Schouloffer zu Lëtzebuerg soll diversifiéiert ginn. Virun allem am Süde vum Land géifen nämlech Schoule gebraucht ginn.

D’Oppositiounsdeputéiert waren d’accord, datt méi Schoule misste gebaut ginn. Si hunn allerdéngs kritiséiert, datt et kee kloert Konzept fir de Bildungssystem zu Lëtzebuerg géif ginn.

21 Milliounen Euro fir de Projet

Fir den ADR-Deputéierte Fred Keup géifen zwee parallel Systemer d’Gesellschaft splécken.

"Grad an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou et ganz vill Leit gëtt mat Migratiounshannergrond, ganz vill Kanner gëtt vun Auslänner, ass et ëmsou méi wichteg déi Kanner zesummen ze bréngen, ze integréieren an engem gemeinsame Schoulsystem."

Kanner sollten net a verschidde Schoulsystemer getrennt ginn, esou de Fred Keup. 

"Europäesch Schoulen, international Schoulen, traditionell Schoulen, jee no Nationalitéit, no Sprooch, no Kultur, no wat och ëmmer. Dat ass fir eist Land net gutt. Mir mussen d'Kanner zesumme kréien. Mir mussen eis dofir eis traditionell Schoule stäerken. A mir mussen se als Erfollegsmodell duerstellen, wat se och sinn an der Integratioun."

De Gesamtkäschtepunkt vum Projet läit bei iwwer 21 Milliounen Euro.

Mei Kompetenze fir Elterevertriedung 

Weider gouf an der Chamber decidéiert,de Kompetenzberäich vun der nationaler Elterevertriedung op d’Maison Relaisen an d’Foyeren auszedeenen.

Bis ewell hu sech hir Aufgabe just op de schoulesche Beräich konzentréiert. D’entspriechend Reform gouf mat 55 Jo-Stëmmen ugeholl. D’ADR-Fraktioun huet sech enthalen.

Déi national Elterevertriedung soll mat der Reform och Formatioune fir lokal a sektoriellen Elterevertriedungen organiséieren an e Code de Déontologie ausschaffen.

D’Parteien an der Chamber hu, mat Ausnam vun der ADR, begréisst, datt mat dësem Gesetzesprojet d’national Elterevertriedung soll gestäerkt ginn. Et géif een hoffen, datt déi national Elterevertriedung doduerch och méi bekannt gëtt, esou d’LSAP-Deputéiert Francine Closener.