Radioen

On air

Notturno  |  Mark Renner - Half A Heart

play_arrow Live
search

/ Saudi-Arabien wëll 600 Milliarden Dollar an den USA investéieren

Konferenz zu Riad

Saudi-Arabien wëll 600 Milliarden Dollar an den USA investéieren

Saudi-Arabien huet seng Pläng fir milliardeschwéier Investitiounen an den USA confirméiert: Dat sot den entspriechende Minister bei enger Investore-Konferenz zu Riad, un där och den US-President deelhëlt. Zil wier et fir an den nächste 4 Joer 600 Milliarden Dollar an den USA ze investéieren.

auto_stories

1 min

© Meinrad Wagenschwanz / Adobe Stock
(Foto: Meinrad Wagenschwanz / Adobe Stock)

Dëst ass een ambitiéist Zil. Ob d‘Kinnekräich dat anhale kann ass awer onkloer, ënner anerem wéinst de méi nidderege Pëtrolspräisser.

Den Donald Trump huet d‘Investitiounen nawell begréisst: Doduerch géife senger Meenung no an den USA vill Aarbechtsplaze geschaf ginn. Hie soll haut um Méindegnomëtteg eng Ried op der Investore-Konferenz halen.

De Fokus vu senger Visitt a Saudi-Arabien dierft sech virun allem ëm Geschäfter an Investissementer dréinen. Dat trotz dem Krich an der Gazasträif an den anere Konflikter an der Regioun.