Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lorde - What Was That

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Donald Trump op Visitt an de Golfstaaten

Fir Wirtschafts-Accorden

Donald Trump op Visitt an de Golfstaaten

Den US-President Donald Trump ass vun haut, Dënschdeg bis iwwermuer, Donneschdeg op Visitt an e puer Golfstaaten. Déi éischt Etapp ass Saudi-Arabien, duerno de Katar an d‘Vereenegt arabesch Emirater. Zweck vum Trump senger Rees si Wirtschafts-Accorden. 

auto_stories

1 min

US-President Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
US-President Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP)

Den Trump huet och net ausgeschloss, en Donneschdeg an d‘Tierkei ze reese fir dat méiglecht Treffen zu Istanbul tëschent dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an dem russesche President Wladimir Putin. 

De Wladimir Putin huet bis elo nach ëmmer net gesot, ob hien Donneschdeg dohinner wäert reese fir mam ukrainesche President iwwert en Enn vum Krich ze schwätzen.