Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Miles Davis - Walkin' (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chineesesche President Xi Jinping haut zu Moskau, éischt Gespréicher mat den USA och nach dës Woch

Chinesesch Wirtschaft

Chineesesche President Xi Jinping haut zu Moskau, éischt Gespréicher mat den USA och nach dës Woch

De chineesesche President Xi Jinping gëtt haut um Mëttwoch zu Moskau erwaart fir eng Visitt vu véier Deeg. Hie gouf invitéiert fir un de Gedenkfeiere vun der Victoire géint Nazi-Däitschland am Zweete Weltkrich deel ze huelen. Den Xi Jinping huet awer och Gespréicher mam russesche President Waldimir Putin. Ee vun den Themen ass eng zweet geplangte Gasleitung vu Russland a China, fir russesche Gas a China ze exportéieren.

auto_stories

2 min

China Fändel | © Arthur Wang
China Fändel (Foto: Arthur Wang)

China annoncéiert dann och eng Rei Mesurë fir d‘Wirtschaft unzekuerbelen a fir op den Handelssträit mat den USA ze reagéieren. Ënner anerem reduzéiert déi chineesesch Zentralbank hire Leetzëns ëm 0,1 Prozentpunkt, op dann nach 1,4 Prozent. Och den Zënstaux fir d‘Reserve geet erof. Dat mam Zil, datt d‘Banke méi Geld hu fir Kreditter ze verginn. Weider ginn d‘Zënsen op Immobilieprête reduzéiert, fir Leit, déi hir éischt Wunneng a China kafen.

Eischt Gespréicher tëschent USA a China 

Et ginn Zeechen, datt déi héich Douanestaxen, déi den Donald Trump fir chineeseschen Importer ageféiert huet, d‘Wirtschaft a China negativ beaflossen. D‘Exporter aus China an d‘USA hätte schonn däitlech ofgeholl, esou chineesesch Medien.

An deem Kontext sinn dës Woch an der Schwäiz fir d‘éischte Kéier Gespréicher tëschent den USA a China op héijem Niveau geplangt. Dat huet déi amerikanesch Regierung matgedeelt. Déi zwou gréisst Ekonomien op der Welt wäerte versichen, den Handelskrich ze deeskaléieren. Washington schéckt de Finanzminister Scott Bessent an den Handelsbeoptraagte Jamieson Greer dohin. China wäert ënner anerem duerch de Vizepremier He Lifeng vertruede sinn.

Den Handelskrich gouf ausgeléist nodeems den US President Donald Trump Douanestaxe vun 145 Prozent op chineeseschen Importer an d‘USA ageféiert huet. China huet mat Géigentaxe vun 125% op US Importer reagéiert.