De President Donald Trump huet dat doduerch begrënnt, datt wäiss Südafrikaner:innen als Minoritéit an hirem Land rassistesch diskriminéiert a verfollegt géife ginn. Déi südafrikanesch Regierung seet dat géif net stëmmen, et géif keng Diskriminatioun vu wäisse Südafrikaner:inne ginn.
Datt d‘USA wäisse Südafrikaner:innen de Flüchtlingsstatut accordéiere gëtt vu Mënscherechtsorganisatioune schaarf kritiséiert. All aner Demandë fir de Flüchtlingsstatut ze kréie goufen nämlech vun der Trump-Regierung gestoppt, dorënner déi vu Leit, déi aus Krichsgebidder kommen.