Deemno wieren déi wichtegst Prioritéiten nach ëmmer d'Aarbechtsorganisatioun, an op europäeschem Niveau och d'Plattformaarbecht an d'Mindesloundirektiv, erkläert de Marc Wagener.
Aarbechtsrecht a Wrtschaft zesummen denken
Et hätt een ee ganz konstruktiivt Gespréich mam neien Aarbechtsminister gehat, dee sech der aktuell schwiereger wirtschaftlecher Situatioun bewosst wier, an der och de Chômage klëmmt.
"Aarbechtsplazen entstinn net, wann ee sech dat just wënscht. Aarbechtsplazen entsti just, wann Entreprisen un d'Zukunft gleewen a wann d'Entreprisë Loscht hunn a bereet sinn ze investéieren a Risiken ze huelen."
Den Aarbechtsminister géif iwwerdeeems d'Aarbechtsrecht och als méigleche Motor fir wirtschaftlech Aktivitéite gesinn, esou de Marc Wagener.
"A fir den Entreprisen dee Moment d'Outilen ze ginn, fir kënnen Aarbechtsplazen ze schafen a rentabel a profitabel ze schaffen. Ech mengen dee Message ass ganz gutt eriwwerkomm. De Minister kennt och all d'Echeancen, selbstverständlech vu verschiddenen EU -Direktiven, déi elo mussen an deenen nächste Méint ëmgesat ginn."
Déi nächst Entrevue ass fir den 21. Januar virgesinn, do soll et da konkret ëm d'EU-Direktiv fir d'Plattformaarbecht goen, esou nach de Marc Wagener. Bis elo géifen och alleguer d'Gespréicher nach bilateral gefouert ginn.