arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat si laut der Handelskammer enorm vill Recrutementer zu Lëtzebuerg néideg?

Chambre de Commerce

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Firwat si laut der Handelskammer enorm vill Recrutementer zu Lëtzebuerg néideg?

Zu Lëtzebuerg wiere fir déi nächst 15 Joer enorm Zuelen u Rekrutementer néideg. Der Meenung ass d’Chambre de Commerce a bezitt sech dobäi op Zuele vun der IGSS. Fir dat Zil erreechen ze kënne misst ee virun allem nees eng Plaz ginn déi Talenter unzitt.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Jo Welfringer  | © Jo Welfringer
Pressekonferenz Chambre de Commerce, 02.12.2025 (Foto: Jo Welfringer)

Ganzer 335.000 Rekrutementer bréicht een nämlech bis 2040, fënnt d'Chambre de Commerce. Dofir huet d’Handelskammer 34 Recommandatiounen ausgeschafft fir datt Lëtzebuerg e sougenannten Talenthub gëtt. 

D’Chambre de Commerce gesäit hei zwee verschidden Aspekter, firwat een e souvill nei Aarbechtskraaft bräicht.

Engersäits géifen 180.000 Leit, déi elo nach schaffen, bannent deenen nächste 15 Joer an d’Pensioun goen. Déi aner 155.000 géifen sech duerch de verännerte Marché erginn. Beispillsweis duerch d’Kënschtlech Intelligenz kéinten eng ganz Rei u neien Aarbechtsplaze kreéiert ginn.

Firwat ginn d'Departen an d'Pensioun e Problem?

Et gëtt e globalen demographesche Wandel, deen och Lëtzebuerg betrëfft. D’Bevëlkerung gëtt am Duerchschnëtt ëmmer méi al. An d’Zuel vun de Gebuerte geet erof.

Et ginn ëmmer méi “Aler”, déi kuerz virun der Pensioun stinn, an ëmmer manner Jonker déi nokommen. De Generaldirekter vun der Handelskammer, de Carlo Thelen schwätzt hei vun engem “Vieillissement” vun der Bevëlkerung. Dee kéint fir eng Pressioun op de Pensiounssystem an de Kranken- a Pfleegesecteur suergen.

Aktuell huet Lëtzebuerg par Rapport zum Rescht vun Europa am Verglach nach eng éischter jonk Bevëlkerung. Dat dierft sech an deenen nächste Joren awer änneren.

Wat ass mat Leit, déi aus dem Ausland kommen?

D’Zuele vu Leit aus dem Ausland heihi komme ginn éischter erof. Bei de Frontalièrë gesäit een do e kloren Impakt. D’Zuele bei de belschen an däitsche Frontalièrë geet erof. Bei de Fransouse klamme se liicht.

Hei stelle sech Froe vun der Liewensqualitéit. Wëll ee beispillsweis fir méi Netto nach déi laang Trajeten a vill Stau op sech huelen? Ëmmer méi dacks ass d’Äntwert dorop Nee.

Wéi ka Lëtzebuerg méi attraktiv ginn? 

Dat grousst Zil ass et Lëtzebuerg zu engem sougenannten Talenthub ze maachen. Also hei sollen Talenter gären hikommen a gäre schaffen.

Beispillsweis andeems een d’Orientatioun besser un den Aarbechtsmarché upasst, Leit déi aus dem Ausland kommen d’Méiglechkeet gëtt hir Demarchen op Englesch ze maachen, auslännesch Talenter insgesamt besser ze begleeden oder déi scho sou dacks, och vun der Regierung ugeschwate Simplificatioun administrative.

Et kann een och aner Schrauwen dréinen... 

D'Salairë beim Staat wiere par Rapport zur Privatwirtschaft ze héich, war ee vun de Constatë vun der Chambre de ommerce.

De Startsalaire bei verschiddene Plaze beim Staat wier heinsdo 30 prozent méi héich wéi an der Privatwirtschaft. Deen Ënnerscheed géif et schwéier maachen, fir Leit ze rekrutéieren, an anere Länner wieren déi Ënnerscheeder net sou héich, sot de Carlo Thelen. 

D'Zuel ass schwéier ze erreechen 

Dat seet esouguer d’Karin Scholtes, déi den Aarbechtsgrupp Talent4Luxembourg geleet huet. Dat hänkt och domat zesummen, datt et secteuriwwergräifend wäerte Penurien ginn.

Ee graavt Beispill ass dofir de Bausecteur. Trotzdeem misst een awer probéiere méi Talenter u Land ze zéien. Déi ausgeschaffte Recommandatioune riichten sech un d’Regierung, awer och un d’Betriber, esou d’Karin Scholtes.

play_arrow Lauschteren