arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Aarbechtsmarché brauch 335.000 nei Salariéen an den nächste 15 Joer

Chambre de commerce

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Aarbechtsmarché brauch 335.000 nei Salariéen an den nächste 15 Joer

Well d’Populatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi al gëtt, wier dat eng Erausfuerderung – bei iwwer der Hallschent vun de Posten handelt et sech ëm Remplacementer fir Leit, déi an d’Pensioun géife goen, esou de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen.

headphones

1 min

© Jo Welfringer
(Foto: Jo Welfringer)

Iwwerdeems géif de Modell vun de Frontalieren zu Lëtzebuerg bëssen ofhuelen a mëttlerweil och aner Länner, wéi beispillsweis d'Schwäiz, Talenter aus dem Ausland unzéien. 

Fir déi néideg Talenter unzezéien, huet d'Chambre de commerce eng Strategie ausgeschafft. Déi setzt sech aus 34 Recommandatiounen zesummen, ënner anerem Englesch als Sprooch fir Demarchen anzeféieren an Aarbechtsimmigrante besser ze begleeden.