arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass den Dossier Liberty Steel deen éischten um Marc Spautz senger Agenda?

Diddelenger Stolwierk

|
headphones

1 min

Ass den Dossier Liberty Steel deen éischten um Marc Spautz senger Agenda?

Den neien Aarbechtsminister Marc Spautz gëtt direkt vun de Gewerkschafte mobiliséiert: Den OGBL an den LCGB appelléieren un den neien Aarbechtsminister wéinst dem Dossier Liberty Steel. Hie misst dofir suergen, datt d‘Regierung sech un hir Engagementer géif halen.

headphones

1 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Säi Virgänger Georges Mischo an de Wirtschaftsminister Lex Delles hätte sech - zesumme mam Curateur - dofir engagéiert, datt déi betraffe Salariéë vum Stolwierk zu Diddeleng an d‘Préretraite-ajustement géife kommen, mee zwou Wochen drop wier dat rëm zeréckgezu ginn.

Den OGBL an den LCGB schwätzen an hirem Communiqué vun engem Volte-face, deen inakzeptabel wier.

Si fuerderen den neien Aarbechtsminister Marc Spautz op, déi festgefruere Situatioun bei Liberty Steel endlech ze deblockéieren.

Donieft fuerdere si och, datt eng ganz Rëtsch Dispositiounen am Fall vu Faillitten iwwerschafft ginn.