Radioen

On air

Popfilter  |  Snuggle - Woman Lake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Responsabele vun palestinensescher Organisatioun bei israeelescher Attack ëm d'Liewe komm

Action Solidarité Tiers Monde

Responsabele vun palestinensescher Organisatioun bei israeelescher Attack ëm d'Liewe komm

An engem Communiqué deelt d'Action Solidarité Tiers Monde mat, datt ee Responsabele vun hirer palestinensescher Partnerorganisatioun leschte Freideg bei enger Attack vun Israel ëm d'Liewe komm ass.

auto_stories

1 min

Israeelesch Attack op Beirut | © picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Israeelesch Attack op Beirut (Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani)

De Mann wier mat senger Famill a sengem Haus gewiescht. Och säi Cousin wier dobäi ëm d'Liewe komm.

D'ASTM rifft déi Lëtzebuerger Regierung op, fir Drock op Israel ze maachen, fir dat internationaalt Recht ze respektéieren.

D'ASTM fuerdert och eng neutral Enquête vun dëser Attack zu Chan Junis.