Radioen

On air

Notturno  |  Sen Morimoto - If The Answer Isn't Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Doudegen no Attack zu Haifa an Israel

Noen Osten

Een Doudegen no Attack zu Haifa an Israel

An der israeelescher Hafestad Haifa koum et zu enger Attack op Zivilisten. Eng Persoun wier ëm d'Liewe komm, mellt de Rettungsdengscht. An israeelesche Loftattacken op Klinicken an der Gazasträif wieren iwwerdeems 25 Mënschen ëm d'Liewe komm.

auto_stories

2 min

Een zerstéiert Gebai, no den Attacken den 17.03.2025 | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Een zerstéiert Gebai, no den Attacken den 17.03.2025 (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

An der Gazasträif huet Israel e weideren héichrangege Member vun der radikal-islamistescher palästinensescher Organisatioun Hamas ëmbruecht.

Dorënner och een héichrangege Member vun der Hamas, den Ismaïl Barhoum. Dat soen soen d‘Hamas an déi israeelesch Arméi.

Nei Autoritéit, fir datt Leit d'Gazasträif "fräiwëlleg a sécher" verloosse kënnen

Nodeems Israel de Waffestëllstand d‘lescht Woch gebrach hat, mellen israeelesch Medien, Israel géif elo administrativ Prozeduren aféieren, fir datt Palestinenser:innen d‘Gazasträif fräiwëlleg kënne verloossen an op sécherem Wee an aner Länner kënne goen. Wéi eng Drëttstaate gemengt sinn, gouf net preziséiert.

Dëse Plang ass op eng Iddi vum US-President Donald Trump zeréckzeféieren. Deen hat jo proposéiert, fir déi zwou Millioune Palestinenser an aner arabesch Staaten ëmzesidelen, de Gazasträif ënner US-Kontroll ze bréngen an an eng Zitat „Riviera vum Noen Osten“ ze verwandelen.

International stéisst de Plang op Kritik. D‘Nopeschland Jordanien schwätzt vu Pläng fir eng Zwangsverdreiwung.

EU-Aussebeoptraagt fuerdert neie Waffestëllstand

D‘Aussebeoptraagt vun der EU Kaja Kallas sot gëschter, Sonndeg, an Israel, d‘Gewalt misst direkt nees ophalen. Si plaidéiert fir en neie Waffestëllstand.

D‘Kaja Kallas soll haut och Westjordanland besichen. Ee weidert Palästinensescht Gebitt, dat vun Israel besat ass.

ONG mellt Dout vu Mannerjäregem an israeeleschem Prisong

Iwwerdeems mellt eng ONG déi sech fir palästinensesch Prisonéier an Israel asetzt, datt ee Mannerjäregen an engem israeelesche Prisong gestuerwen ass. D'Ëmstänn vum Doud vum 17-Järege Walid Khaled Abdoullah Ahmad wiere bis elo bekannt, schreift déi franséisch Presseagence.