Radioen

On air

Jazz Club  |  Aaron Parks Little Big live at Jazz Dock Prague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Conférence des Présidents léisst Petitioun zou

Petitioun fuerdert Sanktioune géint Israel

Conférence des Présidents léisst Petitioun zou

D’Petitioun déi Sanktioune géint Israel fuerdert, gëtt elo awer zougelooss. D‘Conférence des Présidents vun der Chamber huet dat decidéiert, nodeems an der Petitiounskommissioun festgehale gi war, datt dës Petitioun net kéint validéiert ginn, obwuel se genuch Ënnerschrëfte kritt hat.

auto_stories

1 min

Chamber  | © Chambre des Députés
Chamber (Foto: Chambre des Députés)

D'Petitioun fuerdert, datt Lëtzebuerg Israel wéinst senger Palästina-Politik misst sanktionéieren.

D’Zil vun der Petitioun selwer gouf als net problematesch ugesinn. Allerdéngs hat de Petitionär, respektiv ee vu sengen Ënnerstëtzer op Flyeren, déi Reklamm fir d’Petitioun gemaach hunn, de Logo vun der Chamber benotzt, wat net erlaabt ass.

Wann d'Petitioun rejetéiert gi wier, da wier dat e Prezedenzfall gewiescht.

D'Conférence des Présidents hat d'lescht Wuert.