D’Decisioun um Donneschdegmoie confirméiert, datt RTL all Kéiers 7.000 Euro misst bezuelen, wa si den Numm vum Jos Nickts nennen. Den Affekot vun RTL, de Me Pol Urbany, seet hie wier schockéiert
"Wann all Kéiers 7.000 Euro musse bezuelt ginn, wann en Numm genannt gëtt, deen am Zesummenhang mat enger historescher Affär steet, dann ass dat ze ville gravéierenden Agrëff an d'Pressefräiheet."
Schaarf Kritik vum Presserot
An zweeter Instanz hat d’Cour d’appel 2024 schonn decidéiert, datt RTL Lëtzebuerg den Numm an d’Gesiicht vum Jos Nickts net dierft nennen oder weisen, wa si d’Affär vun deemools thematiséieren. Soss géing RTL dem Jos Nickts seng Privatsphär verletzen.
De Presserot an d'ALJP hunn d'Urteel schaarf kritiséiert. Et wier en Agrëff an d'Pressefräiheet.
Déi final Decisioun gëllt just fir RTL Lëtzebuerg. De Me Urbany geet awer dovun aus, datt et um Enn méi wäitreechend Konsequenze kéint kréien.
"Ech géif soen, dat doten ass eng Affär, déi natierlech déi ganz Press interesséiert, net nëmmen RTL, well dat gëllt jo herno och fir alleguerten déi aner, well wann elo iergendeen probéiert déi nämmlecht Publikatiounen ze maachen, da kënnt jo dat nämmlecht och op dee Presseorgan zou."
Et wéilt een d'Decisioun elo um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg ufechten, esou den Affekot vun RTL de Moien. D’Affär-Nickts war ee vun de gréisste Bedruchsfäll zënter dem Zweete Weltkrich.
De Mann hat sengerzäit 560 Millioune Lëtzebuerger Frang aus engem Fong, an dee Bréifdréier abezuelt haten, verontreit a sech domat ënner anerem eng Finca op Mallorca geleescht.