Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Katastropheschutz: RESC-LU soll zivil a militäresch Servicer méi no beienee bréngen

Nei Platform

Katastropheschutz: RESC-LU soll zivil a militäresch Servicer méi no beienee bréngen

Den Inneminister Léon Gloden huet am Kader vun der Bärbelefeier am Cercle Cité d’Fonctionnementer vum neien techneschen Hëllefswierk RESC-LU virgestallt. Am Katastrophefall soll esou déi zivil-militäresch Zesummenaarbecht besser funktionéieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Héichwaasser | © Mario Hoesel/Adobe Stock play_arrow
Foto: Mario Hoesel/Adobe Stock

RESC-LU ass d’Ofkierzung fir d’Reserve de capacité spécifique de la sécurité civile du grand-duché du Luxembourg. D’Iddi ass et, méi Hëllef fir d’Gemenge bereetzestellen, souwuel wärend, an no enger Katastroph, erkläert de Léon Gloden.

Gestioun vun Naturkatastrophe soll vereinfacht ginn

Am Laf vum nächste Joer soll RESC-LU gesetzlech verankert an och ëmgesat ginn, 

"RESC-LU soll eng national Base de données opstellen a verwalten, an där net nëmmen d’Material vum CGDIS opgefouert gëtt, mee d’Ekipementer vun alle staatlechen Organisatiounen, wéi zum Beispill och vun der Arméi, oder Ponts et chaussée, mee och vu grousse Baufirmen, Transportfirmen oder Bauerebetriber. Well am Noutfall, an dat hunn d’Iwwerschwemmunge virun e puer Joer gewisen, brauch een all Ekipement. A schnell."

Virun allem d’Gestioun vun Naturkatastrophen oder sanitäre Krise soll domat vereinfacht, an de CGDIS méi résilient ginn, sou de Léon Gloden.

"Mir wäerten eis an den nächste Jore sécherlech verstäerkt mam Theema vun der zivil-militärescher Zesummenaarbecht ausernee setze mussen. D’Efforte fir Europa, a fir eist Land méi verdeedegungsfäeg ze maachen, mussen Hand an Hand goen."

An dat och iwwert d’Landesgrenzen eraus. A virun allem an Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner, sou nach den Inneminister.

LU-Alert soll ausgebaut ginn

Op der drëtter Bärbelefeier vum CGDIS um Méindegmoien am Cercle Cité huet den Inneminister Léon Gloden ugekënnegt, datt d’nächst Joer all éischte Méindeg vum Mount den nationale Warnsystem LU-Alert zesumme mat de Sireene wäerte getest ginn.

Lauschterenplay_arrow