arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Prozess géint reporter.lu wërft och Froe ronderëm de Schutz vu Journalisten op

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Prozess géint reporter.lu wërft och Froe ronderëm de Schutz vu Journalisten op

An engem Presseprozess géint reporter.lu sollen déi zweet Riichter d'Urteel vum Januar aus 1. Instanz confirméieren: Esou huet et gëschter um Dënschdeg d'Vertriederin vum Parquet général op der Cour d'appel gefuerdert. Am Mëttelpunkt steet och de Schutz vu Journalistinnen a Journalisten.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Um Ufank vum Joer hat een Affekot, deen eng Journalistin vu reporter.lu, de Gerant an d’S.A.R.L. ugesicht hat, um Stater Geriicht net Recht kritt. Déi 3 Parteien haten dunn eng Indemnité de procédure vu jee 750 Euro zougesprach kritt. Dobäi soll et also am zweete Prozess bleiwen.

Gerant an S.A.R.L. "Komplize" vun der Journalistin

Well fir d’Vertriederin vum Parquet général hätt d’Journalistin net wëlle schueden, mee just hir Aarbecht gemaach. Am Prozess goung et ëm een Artikel, deen den Online-Medium am Februar zejoert iwwer den Affekot bruecht hat. De Barreau hätt dem Mann bis op Weideres verbuede fir säi Beruff auszeféieren, hat et am Text geheescht.

Donieft war dem Affekot virgehäit ginn, géint seng Anti-Blanchiment-Obligatioune verstouss ze hunn. Doropshin hat den Affekot 200.000 Euro Schuedenersatz vun der Journalistin verlaangt.

De Me Ahmed-Boudouda, Affekot vum Affekot, huet fonnt, datt an dësem Fall d’Meenungsfräiheet iwwerschratt gi wier. Den Artikel mat falschen oder net iwwerpréiften Informatiounen, esou de Me Ahmed-Boudouda, hätt dem Affekot geschuet. D’Journalistin wier “de mauvaise foi” gewiescht, an de Gerant an d’S.A.R.L. wiere Komplizen dovun.

Journalisten a Journalistinnen nees schützen

Dogéint huet de Me Hurt, Affekot vun der Journalistin, betount, datt de Beruff geféierlech gëtt an et wichteg wier, fir Journalisten ze schützen. Well déi an esou Affäre sollten entschiedegt ginn, huet de Me Hurt Schuedenersatz an Héicht vu knapp 15.000 Euro fir seng Cliente gefrot.

Och huet hien de Schued vum Affekot a Fro gestallt. De Me Charel Müller, Affekot vum Gerant a vun der S.A.R.L., huet sengersäits ronn 12.000 Euro Schuedenersatz verlaangt.

Zu gudder Lescht huet d’Journalistin erkläert, datt et Zäit wier, fir Journalisten ze schützen. D’Appellsriichter sollten e Signal erausschécken, fir datt Journalisten hirem Beruff nees geloosse kéinten nogoen.

De 16. Dezember gëtt d’Appellsurteel gesprach.

play_arrow Lauschteren