arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat bedeit d'Urteel fir de Rescht vun der Lëtzebuerger Press?

Nickts-Affär

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Wat bedeit d'Urteel fir de Rescht vun der Lëtzebuerger Press?

Opgrond vum Artikel 10 vun der Mënscherechtskonventioun a vun de Pressefräiheetsprinzippien hätt hien net mat deem doten Urteel gerechent, seet de Me Urbany, den Affekt vum Grupp RTL.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow
picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser | © picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser
Symbolbild Press (Foto: picture alliance / SZ Photo | Wolfgang Filser)

Hei géif et net ëm een Eenzelfall goen, seet de Me Urbany. Hei géif et ëm Prinzippië goen. Duerch dëst urteel kéinten d'Journalisten a Journalistinnen hir Aarbecht net méi vollstänneg maachen. Dobäi wier et d'Aufgab vun der Press, fir d'Bierger:innen ze informéieren. 

"De Bierger huet d'Recht op eng komplett Informatioun, op eng reell wouer a faktesch komplett Informatioun a wat am Fong doduerch geschitt, wann een zensuréiert, wann ee seet Dir duerf dat net bréngen, ma da seet een och déi Informatioun duerf de Bierger net kréien. De Bierger ass also de Geschiedegten."

D'"Büchse der Pandora" wier opgemaach ginn 

An dëser Affär wier et jo net ëm ee Privatliewe gaangen mee ëm ëffentlech Fakte vun enger ëffentlecher Persoun. De Skandel deemools hätt eng ganz Gewerkschaft betraff, déi an de Ruin gedriwwe gi wier, et hätt sech net ëm een Delikt gehandelt, esou de Me Urbany. 

"Wann dat dote jo geet, datt eng ëffentlech Persoun wéi den Här Nickts an engem ëffentleche Skandal, genannt Affär Nickts, sech kann aus der Zäitgeschicht sträiche loossen, well en elo an der Pensioun ass, majo da ka jo deemnächst all Mënsch kommen, deen am ëffentleche Liewe stoung, deen e Politiker war an esou an deen, dee seet dann elo gi mer an d'Geschicht sträichen." 

Historiker:innen, grad ewéi aner Presseorganer dierfe weiderhi säin Numm nennen, well d'Urteel an engem Geriichtsprozess ëmmer just déi Parteie betreffe géif, déi am Prozess dra waren, erkläert de Me Urbany. 

Et géif sech hei awer ëm eng Jurisprudenz handelen. An déi hätt eng Signalwierkung. 

"Wann den Här Nickts elo géif higoen an e géif elo d'Tageblatt, d'Lëtzebuerger Wort an esou weider usichen, fir dat nämmlecht Verbuet do ze kréien, maja da mussen déi ënnescht Geriichter natierlech sech der Cassatioun, dem ieweschte Geriichtshaff senger Jurisprudenz fügen an da geet dat d'selwecht aus wéi déi Affär."

Elo géif RTL op Stroossbuerg virun de Mënscherechtsgeriichtshaff zéien. Fir de Me Urbany lount dat sech ëmmer, och wann een net weess wéi d'Urteel wäert ausgoen. 

play_arrow Lauschteren