Op der Cour d'appel an der Stad koum et de Méindeg zur Verlängerung vum zweete Prozess an der sougenannter RTL/Lunghi-Affär. Déi war néideg ginn, well eng nei Pièce op d'Tapéit komm war, déi eng sougenannt Rupture du délibéré no sech gezunn huet. Deemno waren d'Berodunge vun de Riichteren, fir zu engem Urteel ze kommen, ofgebrach ginn. Wéinst deem Dokument gouf et de Méindeg vill Hin an Hier, éier d’Riichteren tranchéiert hunn. Si hunn nämlech no enger Sëtzungsënnerbriechung decidéiert, datt Appellsurteel den 29. Oktober gesprach gëtt.
Zur Rupture du délibéré koum et op Grond vun enger Plainte, dëse Mount, vun der fréierer RTL-Journalistin Sophie Schram géint zwee Ex-Haaptleit vum Collège médical wéinst Violatioun vum Secret médical. Am Virfeld vum Appellsprozess war en Dokument opgedaucht, aus deem ervirgoung, datt de fréiere Mudam-Direkter Enrico Lunghi de Collège médical mat deontologesche Froen iwwer den Dokteschcertificat vum Sophie Schram saiséiert hat. De Collège médical hat dem Enrico Lunghi d'Resultater vu senger Enquête matgedeelt. Wat déi Plainte vun der Ex-RTL-Journalistin ugeet, war et de Méindeg d'Nouvelle, datt se klasséiert gouf. Am Raum steet awer nach eng zweet, vun der Maître Lydie Lorang, mat Partie civile. Fir d'Affekotin sollt fir d’éischt iwwer hir Plainte tranchéiert ginn an duerno iwwer déi ganz Affär. Déi sollt ausgesat ginn, net sine die, mee vläicht an de September eran. Wougéint de Maître Jean Lutgen, Affekot vum Enrico Lunghi, gemengt huet, datt d'Affär elo sollt tranchéiert ginn.
Virworf vu manipuléiertem Reportage
Ufank Mee war den Appellsprozess ëm d’medial Couverture duerch RTL vun engem Interview mam Enrico Lunghi u sech op en Enn komm. An där Affär geet et jo ëm en Interview vun Télé Lëtzebuerg, deen d'Sophie Schram am September 2016 mam deemolege Mudam-Direkter gemaach hat. Dobäi hat deen ee Moment, ausser sech, de Mikro vun der Journalistin ewechgeschloen a si mam Aarm geholl. An der Suite dovun hat RTL de Virworf gemaach kritt, e Reportage doriwwer wier manipuléiert gewiescht. Am Mee hat de Vertrieder vum Parquet général d'Confirmatioun vum éischten Urteel wéinst Diffamatioun a Calomnie gefrot, spréch eng Geldstrof vu jee 1.000 Euro fir d'Sophie Schram an deen aneren Ex-RTL-Journalist Marc Thoma, nieft dem Bezuele vum symboleschen Euro un den Enrico Lunghi.
Deen a seng Fra ginn iwwregens, wéi d'Wort an der Tëschenzäit gemellt huet, wéinst engem Buch vun senger Fra ugeklot, an zwar wéinst Recel. Dem Enrico Lunghi seng Fra hat aus dem Instructiounsdossier zitéiert, wat d'Maître Lydie Lorang an de Maître Baulisch, Affekot vum fréieren RTL-Journalist Marc Thoma, als Violatioun vum Secret de l'instruction ugesinn.