arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Policegewalt zu Esch: Prisong a Geldstrof fir beschëllegt Polizisten

Justiz

|
headphones

1 min

Policegewalt zu Esch: Prisong a Geldstrof fir beschëllegt Polizisten

Ee Joer feste Prisong an eng Geldstrof vun 10.000 Euro: Dozou gouf um Stater Geriicht den Haaptbeschëllegten am Prozess ëm Policegewalt zu Esch verurteelt. De Mann dierf donieft 10 Joer net am ëffentlechen Déngscht schaffen a muss der Gesondheetskeess donieft bal 3.900 Euro Schuedenersatz bezuelen.

headphones

1 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Déi véier Matugeklote sinn hirersäits all Kéiers zu 3 Joer Prisong mat Sursis an zu 5.000 Euro Geldstrof condamnéiert ginn.

Am Prozess hat d’Vertriederin vum Parquet 6 Joer Prisong fir den Haaptbeschëllegten an all Kéiers 4 Joer fir déi véier Matugeklote gefrot.

Dot sollt wuel vertuscht ginn

D’Faite ginn op de Februar 2019 zréck. D’Ugekloten hu reprochéiert kritt, engem syreschen Asyldemandeur zu Esch ënner anerem d’Gebéck gebrach ze hunn.

Déi Beschëllegt sollen de Mann awer net nëmme geschloen, mee och probéiert hunn, d’Saach ze vertuschen.