Konkret solle bei schwéieren Delikter, wéi zum Beispill Korruptioun, sougenannt Mini-Instruktiounen – also e méi séier Verfaren – méiglech ginn. Den Text gesäit och fir, datt Sursis net méi sou einfach automatesch gesprach soll kënne ginn: Eng speziell Motivatioun fir Sursis soll de Riichter nëmmen nach bei Strofen ënner zwee Joer nenne mussen.
Prinzip fir de Sursis ëmdréinen
Bei Strofe vun iwwer zwee Joer soll de Sursis net méi sou einfach kënne gesprach ginn. D’Zil wier et d’Perspektiv ëmzedréinen, seet d’Elisabeth Margue.
“Mir änneren de Prinzip, zum Deel awer och net ganz. Well mir lo en Ënnerscheed maachen tëschent manner schlëmme Strofdoten a méi schlëmme Strofdoten. Mir setzen an deem Sënn de Koalitiounsaccord ëm, dee virgesäit datt mir bei méi schwierege Strofdoten dee Prinzip ëmdréinen.”
Dat heescht, wa Richter:innen en Dossier viru sech leien hunn, da soll net gekuckt ginn ob Elementer am Dossier si fir feste Prison, mee ob Elementer dra si fir Sursis. Wa där keng do sinn, da gëtt och kee Sursis geschwat, esou nach d’Justizministesch.
Oppositioun huet Bedenken
D’Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an déi Lénk schwätze vun engem repressive Paradigmewiessel a plädéiere fir eng méi differenzéiert Strofpolitik. Datt bei méi schwéiere Strofen de Sursis misst vum Riichter begrënnt ginn, géif de facto net vill änneren, fënnt de Marc Baum vun déi Lénk.
"Ob de Sursis muss begrënnt ginn oder net, respektiv den Net-Sursis muss begrënnt ginn oder net, ännert näischt un den ausgeschwate Peinen. Also geet et net dorëms Gewalt géint Fraen anescht ze bestrofen."
Bei der Ausweidung vun de Mini-Instruktiounen huet sech d’Oppositioun bedenklech gewisen a Saachen Droit à la Défense. Eng Beschleunegung vun de Strofprozeduren dierft net au detriment vun der Rechtsstaatlechkeet geschéien, esou d’Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson.
"De Problem ass deen: De Beschëllegte weess net wat am Dossier dra steet. En huet keen Accès zum Dossier. E gëtt vläit eng Kéier gehéiert an da kritt en herno eng Convocatioun fir op d’Geriicht. Den Affekot huet keng Moyene fir zousätzlech Devoiren ze froe well e guer net weess wat scho geschitt ass. An dat féiert zu manner Rechter fir de Beschëllegten."
De Gesetzesprojet gouf um Enn mat 40 Jo-Stëmmen, 8 Nee-Stëmmen an 12 Abstentiounen ugeholl.