Wa Lëtzebuerg am September zu New York Palästina als Staat unerkennt, da wier dat nëmme richteg. Esou reagéiert de Yves Cruchten op d’Aussoe vum Premier Luc Frieden a vum Ausseminister Xavier Bettel. Dësen hat am 100,7-Interview gesot, datt hie perséinlech hofft, datt d’Annonce vum Premier Luc Frieden am September zu New York an déi Richtung ass, datt Lëtzebuerg eng Unerkennung vum Staat Palästina kéint maachen.
Lëtzebuerg hätt Palestina scho viru Méint unerkenne kënnen
Allerdéngs hätt Lëtzebuerg dat och scho viru Méint kënne maachen, fënnt den LSAP-Deputéierten.
Den Yves Cruchten hätt sech eigentlech e kloert politesche Statement vun der Lëtzebuerger Regierung erwaart andeems dës gesot hätt "jo, mir gi mat de franséische Kolleegen op deen dote Wee."
Et wier elo allerhéchsten Zäit, datt Lëtzebuerg Palästina als onofhängegt an eegestännegt Land unerkennt.
D’USA ënnert anerem hunn dem franséische President Macron säi Virstouss a Saache Palästina kritiséiert. Ob den LSAP-Deputéierte Yves Cruchten elo mat negative Konsequenze fir Lëtzebuerg an allgemeng fir déi déi Staate rechent, déi Palästina elo als onofhängege Staat unerkennen, seet den LSAP-Deputéierten:
"Ech rechne mat ganz schlëmme Konsequenzen, wa mir dat (Palestina unerkennen) net maachen"
D'Welt géif nokucken
D'Welt, d'Europäesch Unioun a grad esou Lëtzebuerg géifen nokucken, wéi d'Leit a Palästina vun enger rietsextreemer Regierung géifen erhéngere gelooss ginn, esou de Yves Cruchten.
Do dierft een net länger nokucken. D'Mënscherechter an d'Rechtsstaatlechkeet misst een héich halen. An do kéint een sech net verstoppen a kucke wat d'Amerikaner gäre vu Lëtzebuerg hätten.