arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Unerkennung vu Palästina: Oppositioun reagéiert nuancéiert

Politik

|
headphones

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Unerkennung vu Palästina: Oppositioun reagéiert nuancéiert

Nodeems de Premierminister Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel um Méindegmoien ugekënnegt hunn, Palästina als eegene Staat unerkennen ze wëllen, huet de Gros vun der Oppositioun positiv dodrop reagéiert. De Schrëtt war ville Parteie scho laang erwaart ginn. Et gouf awer och Kritik. 

headphones

4 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / Chris Emil Janßen
(Foto: picture alliance / Chris Emil Janßen)

Den Yves Cruchten vun der LSAP begréisst et, datt d’Regierung e palästinensesche Staat unerkenne wëllt. Senger Meenung no war et dofir awer och héich Zäit ginn.

"D’Regierung huet jo elo endlech d'Kéier kritt an der Fro vun der Unerkennung vu Palästina. Si iwwerhëlt elo déi selwecht Argumenter, déi mir, déi d'Oppositioun, virun dräi, sechs Méint virun engem Joer bruecht hunn. An ech mengen, dass et och gutt ass, dass Lëtzebuerg elo endlech déi Unerkennung mécht, well mir waren entre -temps komplett isoléiert an där doter Fro."

Elo wier et wichteg, datt et zu engem Waffestëllstand an der Gazasträif kéim, an datt ee kéint kucken, wéi een Israel sanktionéiere kéint.

déi Lénk an déi gréng enger Meenung

Wat d’Sanktiounen ugeet ass een där Meenung och bei deene Gréngen an deene Lénken, wéi ënner anerem d’Sam Tanson vun deene Grénge confirméiert.

"Dat wat fir eis elo nach aussteet, an do krut ech och eng positiv Réckmeldung vum Ausseminister, dat ass d'Fro vun de Sanktiounen, déi mir als Lëtzebuerg kënnen huelen. Et ass jo esou, datt op europäeschem Niveau do absolutt kee Konsens en vue ass. Do brauch et awer eng Unanimitéit. An den Ausseminister huet mer elo nach eng Kéier confirméiert, datt si op engem nationale Kader doru schaffen."

Dem David Wagner vun déi Lénk geet dat awer nach net duer. Et wier lo och wichteg, déi palästinensesch Regierung vum Mahmud Abbas ze stäerken an et missten Neiwale kommen. Dofir misst Israel och palästinensesch politesch Gefaange fräiloossen, déi keng Hamas-Leit wiere, mee an der palästinensescher Bevëlkerung beléift wieren.

Piraten an ADR stellen nach e puer Saachen a Fro

De Sven Clement vun de Piraten kritiséiert, datt d’ Regierung sech do virdrun drécke géif wat eng Unerkennung vu Palästina géif konkret bedeiten.

"Op awer kruzial Froen, haaptsächlech vun der Oppositioun, wat dat da konkreet bedeit a wéi een dann och d'Existenzrecht vun deem Staat herno assuréiere wëllt, gouf et awer einfach nëmme schweigen im Walden."

Där Meenung ass och de Fred Keup vun der ADR. Hie weist sech iwwerrascht dovun, datt d’Regierung bei enger Unerkennung vun engem palästinensesche Staat elo sou schnell hier Meenung geännert hätt.

"Ech si just verwonnert iwwer déi 180 Grad Kéier. Mee wien et genee decidéiert huet, weess een net. Ech mengen op eemol zielt alles dat, wat se elo déi leschte Méint gesot hunn, zielt elo net méi esou richteg. Elo gi mir an eng ganz aner Richtung eran. Et gëtt gesot, et ass ëmmer gesot ginn, et gëtt u Konditioune gebonnen, fir Palästina unzeerkennen. Déi Konditioune sinn net erfëllt."

Als ADR wéilt een och, datt d’Palästinenser hiren eegene Staat géife kréien, mee net ënner deenen Ëmstänn, wéi se am Moment sinn, esou nach de Fred Keup.

Neie Projet de loi soll Sanktioune géint Israel erméiglechen

Och wann ee wëlles huet, Palästina op der UN-Vollversammlung d’nächst Woch als eegestännege Staat unzeerkennen, misst een awer och virsiichteg sinn. Dat sot den DP-Minister Xavier Bettel no der zoustänneger Chamberkommissioun an der Chamber.

Et wier awer d’Zil dëst och kommend Woch kënnen zu New York zesumme mam Premierminister Luc Frieden ze maachen, erkläert de Xavier Bettel.

"Mir hate jo 2014 an der Chamber gesot kritt, deemools ass decidéiert ginn, dass dat déi Méiglechkeet wier. An ech hunn dem Regierungsrot och proposéiert, datt dat d'nächst Woch kéint sinn. An do huet d'Regierung och dem Premier a mir d'Mandat ginn, fir zu New York dann eeben och déi hoffentlech Zouso, deemno wat geschitt."

play_arrow De Xavier Bettel

Wat méiglech Lëtzebuergesch Sanktioune géint Israel géif ugoen, wéilt een e Projet de loi op de Wee brénge fir dat ze erméiglechen, esou nach den DP-Ausseminister Xavier Bettel.

Op europäeschem Niveau gestallt sech dat als schwiereg, well et ze vill verschidde Meenungen dozou ginn. Fir datt ee Sanktioune géint Israel um europäeschen Niveau kéint ausschwätzen, brauch et nämlech eng Unanimitéit.

 

play_arrow Lauschteren