Eng Partie Saachen hätte sech awer elo par rapport zum Ufank vun der israeelescher Offensiv an der Gazasträif geännert, esou de Xavier Bettel am Wort: Ëmmer méi Länner wéilten elo Palästina unerkennen. Et géif een och ëmmer méi däitlech gesinn, datt Israel d‘Vëlkerrecht net respektéiert, datt humanitär Hëllef verhënnert gëtt an datt déi humanitär Lag an der Gazasträif katastrophal wier.
An dofir bréicht Palästina elo eng Méiglechkeet, als Staat ze existéieren, esou den Ausseminister.
Premier a Xavier Bettel sollen Entscheedung gemeinsam huelen
Hie wier zum Schluss komm, datt elo de richtege Moment wier, fir Palästina als Staat unzeerkennen, an hie géif hoffen, datt de Premierminister och där Meenung wier.
Am Regierungsrot wier decidéiert ginn, datt hien an de Premier zesummen déi Decisioun sollten huelen. Si hätten d‘Vertraue vun den anere Ministere kritt, esou de Xavier Bettel haut am Wort. Hie wéisst awer nach net, wéini dat geschitt: E Méindeg an der Chamber-Aussekommissioun, oder Enn September op der UNO-Generalversammlung zu New York.