Familljemembere vun israeelesche Geiselen hat sech op 3 Boter op de Wee virun d'Küst vun der Gazasträif gemach, fir op d'Situatioun vun hiere Prochen opmierksam ze maachen. U Bord vun de Boter wéilte si, wéi si soen, esou no wéi méiglech un d’Geiselen, déi zënter bal zwee Joer an der Gazasträif vun der Hamas gefaange gehale ginn, eru kommen.
Am Ganzen hätte sech eng 20 Persoune vum israeeleschen Hafen an der Stad Ashkelon, déi nördlech, knapps iwwer der Gazasträif läit, op de Wee virun d’Küst gemaach. Weider Boter wieren ënnerwee dobäi komm.
Riskéiert d'Liewe vun de Geiselen
"D'Regierung vum israeelesch Premier Benjamin Netanjahu géif - an deem si de de Krich op déi ganz Gazasträif ausdeene wëll - notamment och d'Liewe vun den israeelesche Geiselen a Gefor bréngen", esou ee vun den Haaptresponsabele vun der Aktioun. Hinne géif d'Zäit fortlafen, wa si hier Familljememberen nach eemol lieweg wéilten erëm gesinn. Da wier et elo oder ni, esou nach de Spriecher.
Kritik um Premier Benjamin Netanjahu sengem Virgoen
Den israeeleschen Arméischef Egal Zamer hat ëmmer nees betount, datt hien d'Entscheedung, d'Gazasträif komplett ze besetzen, net guttheesche kéint, an datt dëst de verbliwwene Geiselen d'Liewe kaschte kéint.
De Chef vun der israelescher Arméi wäert sech eegenen Aussoen no weider ouni Angscht a professionell äusseren. Den Eyal Zamir sot dat nëmmen e puer Stonnen ier et zu enger Reunioun tëschent Politik an Arméi iwwer dat weidert Virgoe vun Israel an der Gazasträif kënnt.
Zënter Deeg gëtt et an der israeelescher Press Virbehalter, respektiv Oppositioun, géint déi presuméiert Pläng vum Premier Benjamin Netanjahu, fir mat den Operatiounen an der Gazasträif weiderzefueren.