D’lescht Joer huet Omega 90 ronn 4.000 Berodungssitzungen organiséiert. Am Haus Omega 90 zu Hamm goufen 111 Patiente palliativ begleet.
Opfälleg ass, datt zënter e puer Joer d’Zuel vun den 31-60 Järegen eropgeet, seet d’Diane Duhr, Presidentin vun Omega 90.
Jonk Patienten hunn aner Besoinen
Un der Aarbecht fir d’Personal géing dat net esouvill änneren, mengt si am 100,7-Interview. Kloer wier awer, datt et fir d’Personal ëmmer méi schwiereg ass mat méi jonke Leit ze schaffen, “well sech dat net esou natierlech uspiert.”
Eng Persoun, déi méi al ass, huet eng aner Approche zum Doud, an och aner Besoine wéi e jonke Mënsch, erkläert d’Diane Duhr.
“D’Gespréicher huelen zou, wann d’Leit méi jonk sinn. Et geet ee méi op d’Problemer an, op d’Ängschte vun de Leit.”
D'Zäit am Haus Omega ass wichteg
An der Moyenne bleift e Patient 36 Deeg am Haus Omega zu Hamm. Déi Zäit wier och wichteg, erkläert d’Presidentin. Et misst ee sech un den neie Kader gewinnen, d’Leit kenneléieren, an och eng Rei Saachen organiséieren.
“Mir fannen et wichteg, datt een dat ka plange virum Doud, mat der Famill Saachen arrangéieren. (...) Dofir ass et wichteg, datt een net just fir puer Deeg do ass.”
Kanner richteg op d'Trauer preparéieren
Omega 90 bitt net just palliativ Fleeg un, mee ënnerstëtzt och den Entourage vun de Patienten. E grousse Wäert gëtt mëttlerweil op den Accompagnement vu Kanner a Jugendleche geluecht.
Deemno hätt een e spezielle Service de consultation op d’Bee gestallt, et geet een a Schoulen a sensibiliséiert och d’Elteren.
“Wéi preparéieren ech Kanner op Trauer? Ze vill ze schützen ass kontraproduktiv. Wichteg ass, datt ee kloer schwätzt, datt d’Eltere kloer soen: ‘De Bopa ass gestuerwen’. Net ageschlof oder fortgaangen.”
Et wier also och wichteg, Gefiller zouzeloossen, seet d’Diane Duhr. Dat kann Trauregkeet sinn, Roserei, Scholdgefiller, an awer och Gläichgültegkeet. Dat wieren alles normal Reaktiounen.
D’Kanner sollten och gesinn, datt Erwuessener traureg kënne sinn. Si géingen dat souwisou spieren.
“Gefiller ass net dat éischt, iwwer dat een an eiser Gesellschaft schwätzt.”
Kannerhospiz ass geplangt
Och Kanner a Jugendlecher kënne vun onheelbare Krankheete betraff sinn. Dofir soll zu Hamm elo och en Zentrum fir pediatresch Palliativfleeg entstoen. An deem Kannerhospiz, wéi d’Diane Duhr et nennt, solle Kanner mat liewensverkierzende Krankheete betreit an hir Symptomer observéiert kënne ginn.
“D’Zil ass et, d’Liewensqualitéit vun der ganzer Famill ze stäerken an hinnen an der schwéierer Zäit bäizestoen.”
Insgesamt si fënnef Better geplangt. Am Haus Omega 90 sinn elo schonn zwee Zëmmer, wou eng ganz Famill ënnerkomme kann.
Aktuell Dotatioune ginn net duer
Bei Omega 90 sinn 62 Persoune fest ugestallt. Ausserdeem ginn et 86 aktiv Benevollen. An awer bréicht ee méi Capacitéiten, seet d’Diane Duhr.
“Omega 90 fält ënner d’Spidolsgesetz an et ginn Dotatioune vun der CNS. Dat ass dacks op technesch Akte bezunn. Fir d’Begleedung an d’Gespréicher mat de Leit ginn d’Dotatiounen net duer. Mir bräichte méi Dotatioune fir psychologesch Begleedung. Do gräife mir grad virun allem op Donen zeréck.”
Déi aktuell Dotatioun läit bei 9,1 Milliounen Euro.