arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Associatioun vun den Infirmièren ANIL fuerdert ee Gemengeninfirmier

No der Hëtztwell

|
reading time

1 min

D'Associatioun vun den Infirmièren ANIL fuerdert ee Gemengeninfirmier

D'Potenzial vun den Infirmièren an Infirmieren zu Lëtzebuerg géif ongenotzt bleiwen an dat wier zum Nodeel vun der Populatioun. Bei grousser Hëtzt, wéi se d'lescht Woch zu Lëtzebuerg war, brauch ee Preventioun, esou d'Associatioun ANIL an engem Communiqué.

reading time

1 min

Infirmière (Symbolbild) | © picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales
Infirmière (Symbolbild) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales)

Besonnesch bei eelere Leit misst een op Preventioun setzen, schreift d'ANIL, fir datt d'Spidolsopenthalter vun där Populatioun verréngert kënne ginn. Méi al Leit, déi eleng liewen an net vun der Assurance-Dépendance profitéieren, géifen net erreecht ginn, esou d'ANIL. 

D'Associatioun vun den Infirmièren an Infirmiere fuerdert dofir ënner anerem d'Aféiere vun enger Gemengeninfirmière. Esou Personal kéint no bei de Bierger:inne preventiv agéieren an d'Spidolsopenthalter verhënneren.