arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tiers payant ass aktuell bei 2.500 Dokteren zu Lëtzebuerg disponibel

Gesondheet

|
reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Den Tiers payant ass aktuell bei 2.500 Dokteren zu Lëtzebuerg disponibel

Ronn 2.500 Doktere benotzen aktuell de Paiement immédiat direct (PID), bei deem de Patient just de finale Betrag bezuele muss, deen d'Krankekeess net iwwerhëlt. Dat geet aus dem Joresrapport vun der Agence eSanté ervir.

reading time

2 min

headphones

1 min

play_arrow
(v.l.n.r.) Marc Hostert, Alexandre Baumeister | © Luca Di Santolo
(v.l.n.r.) Marc Hostert, Alexandre Baumeister (Foto: Luca Di Santolo)

An de leschte sechs Méint sinn ongeféier 70 Prozent vun de Seancë, bei den Dokteren an Zänndokteren, iwwer de Paiement immédiat direct (PID) ofgewéckelt ginn.

"Eng Entlaaschtung fir de Patient an och eng Entlaaschtung fir den Dokter"

Fir datt nach méi Leit de System benotze kënnen, géing d'Agence den Doktere finanziell hëllefen, fir de System ze implementéieren, esou de Marc Hostert, President vum Conseil de Gérance bei eSanté.

Fir hien ass de Paiement immédiat direct e grousse Succès, dee sech weider developpéiert. 

"Déi meescht, déi elo bei d'Doktere ginn, mierken, dass fir dee gréissten Deel vun de Prestatiounen de PID wierkt. Dat heescht, et muss een net méi a Virleeschtung goen an dat kann dann elektronesch ofgewéckelt ginn. Dat bedeit och eng Entlaaschtung fir d'CNS, eng Entlaaschtung fir de Patient an och eng Entlaaschtung fir den Dokter, well hie brauch kee Cash Management méi ze maachen. Hie kritt et op säi Kont iwwerwisen."

De PID-System gouf virun dräi Joer agefouert. 

eSanté stellt neie Generaldirekter vir

Iwwerdeems huet eSanté haut och hiren neie Generaldirekter Alexandre Baumeister offiziell virgestallt, dee virun e puer Woche säin Amt ugetrueden huet.  

*An enger éischter Versioun hate mir fälschlecherweis gemellt, datt ronn 1.000 Dokteren de Paiement immédiat direct (PID) benotzen. 

play_arrow Lauschteren