arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum nächste Joer u sollen d'Kondomer etappeweis gratis ginn

Gesondheet

|
reading time

1 min

Vum nächste Joer u sollen d'Kondomer etappeweis gratis ginn

Fir den Ament géif een Aarbechtsgrupp am Gesondheetsministère mat den Acteuren um Terrain zesummeschaffe fir d'Kondomer etappeweis gratis ze maachen, äntwert d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

reading time

1 min

© picture alliance / Zoonar | Otto Pleska
(Foto: picture alliance / Zoonar | Otto Pleska)

De Budget, dee fir d'gratis Kondomer virgesinn ass, läit bei 800.000 Euro. 

Syphilis-Fäll klammen

D'Ministesch huet awer och d'Zuele vun de sexuell iwwerdrobare Krankheete genannt. D'HIV-Infektioune wieren amgaangen zeréckzegoen. D'lescht Joer goufen et 37 nei Infektiounen. Dat ass deen niddregste Chiffer an de leschte fënnef Joer. 

Dofir klammen awer d'Fäll vu Syphilis. D'lescht Joer goufen der 165 festgestallt, dat sinn der 70 méi wéi nach virun zwee Joer. 

D'Fäll vu Chlamydie bleiwen éischter stabil, bei 1.554 Fäll zejoert.