Hie wéilt ganz geschwënn en Accord am Ukrainkrich virleien hunn. Wéivill Deeg hie Gedold huet, huet den Trump net preziséiert. Mee et misst séier goen.
Den Trump huet domat dat confirméiert, wat den Ausseminister Marco Rubio de Freideg scho gesot hat, nämlech: "Wann d‘USA gesinn, datt kee Fridde méiglech ass, wäerte mir eppes anescht maachen."
Den US-amerikanesche Vizepresident JD Vance ass am Ukrainkrich awer méi zouversiichtlech. Hien ass aktuell zu Roum an hat de Freideg Gespréicher mat der italieenescher Premierministesch Giorgia Meloni. "Mir sinn optimistesch, datt mir dëse brutale Krich op en Enn kënne bréngen", sot de Vance an der italieenescher Haaptstad.
Et ginn iwweregens Spekulatiounen, datt de Vance zu Roum, am Vatikan haut eng Renconter mam Poopst François huet. Zënter senger liewensgeféierlecher Longenentzündung hat de Poopst bis ewell praktesch keng Rencontere mat auslännesche Gäscht.