Radioen

On air

Vue sur mer  |  Perfume Genius - It's a Mirror

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider russesch Banken, Medienhaiser a "Schattenflotte" sanktionéiert

EU-Sanktioune géint Russland

Weider russesch Banken, Medienhaiser a "Schattenflotte" sanktionéiert

D‘EU-Staaten hunn sech op nei Russland-Sanktioune gëeenegt. Deen neie Sanktiounspak soll e Méindeg a Kraaft trieden, um 3. Joresdag vun der russescher Invasioun an der Ukrain. Dat huet déi polnesch EU-Presidence zu Bréissel de Moie matgedeelt.

auto_stories

2 min

Ukrain Europa | © European Union
Ukrain Europa (Foto: European Union)

An deem neie Pak géifen 13 weider Banken aus dem Finanzkommunikatiounssystem Swift ausgeschloss ginn an 8 weider russesch Medienentreprisen géifen hir Sendelizenz an der EU verléieren. Déi sougenannte russesch „Schattenflotte“ géif iwwerdeems nach méi streng sanktionéiert ginn. Dobäi handelt et sech ëm déi Schëffer, déi probéieren, déi westlech Sanktiounen z‘ëmgoen. 

Mat dësem neie Sanktiounspak wéilt d‘EU demonstréieren, datt si d‘Aggressioun vu Russland nimools wéilt acceptéieren, och net nom neie Kurs an den USA.  

Visitt vum US-Emissär zu Kiew schonn haut 

D‘USA fueren iwwerdeems weider mat hirer Initiative fir den Ukrainkrich op en Enn ze bréngen. Den US-Emissär fir d‘Ukrain ass haut zu Kiew ukomm. Déi Visitt kënnt zimmlech iwwerraschend, well se u sech réischt fir muer geplangt war. De Keith Kellogg huet méi moderat Téin ugeschloe wéi säi Chef. Hie sot, hie wier fir Sondéierungsgespréicher zu Kiew a wéilt fir d‘éischt emol nolauschteren an dann dem Donald Trump e Rapport maachen. Dee soll him hëllefen, d‘Lag richteg anzeschätzen.

Hie géif d‘Noutwendegkeet vu Sécherheetsgarantië verstoen, sot den US-Emissär viru Journalisten. 

US-President mécht indirekt d'Ukrain responsabel 

Den US-President huet de Wolodymyr Selenskij um Dënschdeg indirekt responsabel gemaach, dass de russeschen Aggresiounskrich schonn dräi Joer laang dauert. An där Zäit hätt den ukrainesch President genuch Zäit gehat, mam Wladimir Putin en Accord ze fannen, sot den Donald Trump a Florida. 

Gusty Graas: Inakzeptabel Aussoen vum Donald Trump 

Déi Aussoe wieren inakzeptabel, sot um Dënschdeg Moien den DP-Deputéierte Gusty Graas, President vum der aussepolitescher Chamberkommissioun, am 100,7 Interview. Hie fënnt et och inakzeptabel, datt d‘Ukrain net fir d‘Gespréicher tëscht den USA a Russland gëschter a Saudi-Arabien invitéiert war.