arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nordkorea: Rakéitentest kuerz virun internationalem Wirtschaftsforum a Südkorea

Nordkorea

|
headphones

1 min

Nordkorea: Rakéitentest kuerz virun internationalem Wirtschaftsforum a Südkorea

Nordkorea huet nees op mannst eng ballistesch Rakéit getest, mellt Südkorea. Et ass den éischten nordkoreanesche Rakéitentest zënter dem Amtsuntrëtt vum neie südkoreanesche President Lee Jae Myung am Juni. Den Test kënnt kuerz virun engem geplangte Wirtschaftsforum mat internationalen Invitéeën.

headphones

1 min

picture alliance / Bildagentur-online | Sunny Celeste | © picture alliance / Bildagentur-online | Sunny Celeste
Nordkoreanesche Fändel (Foto: picture alliance / Bildagentur-online | Sunny Celeste)

Beim geplangte Wirtschaftsforum vu Staats- a Regierungscheffen d'nächst Woch a Südkorea, ginn ënner anerem den US-President Donald Trump an de chineesesche President Xi Jinping erwaart.

Eng Verbesserung vun de Relatioune mat Nordkorea gehéiert zu den annoncéierte Prioritéite vum neie südkoreanesche Staatschef.