Déi Missioun vun der spezialiséierter Firma Ocean Infinity hat 2018 ugefaang. 151 Deeg huet se gedauert an et goufen iwwer 140.000 Quadratkilometer Mieresbuedem kartéiert.
239 Mënschen waren am Fliger, deen den 8. Mäerz 2014 um Vol vu Kuala Lumpur op Peking op emol vun de Radare verschwonnen ass a du vum Kurs ofkomm ass, wéi sech spéider erausgestallt huet.
Et ass ee vun de gréisste Mystèren an der Geschicht vun der Aviatioun.