arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kris am Noen Oste verännert weltwäite Fluchverkéier

International

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kris am Noen Oste verännert weltwäite Fluchverkéier

De Krich am Noen Oste suergt och weider fir massiv Problemer am internationale Fluchtrafic. Well wichteg Fluchhäfe fir ëmzeklammen an der Kriseregioun ausfalen, gëtt et zum Beispill bei der däitscher Lufthansa elo méi eng grouss Nofro no direkte Vollen an Asien an an Afrika.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski
(Foto: picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski)

De Lufthansa-Konzern préift wéinst der aktueller Situatioun d’Zuel vun de Verbindungen zum Beispill op Singapur, an Indien, a China an a Südafrika opzestocken.

Europa misst an der Lag sinn, eege Verbindungen zu de globale Marchéen oprecht ze erhalen, esou de Lufthansa-Generaldirekter Carsten Spohr.

Verbindungen an Asien, Afrika an an Australie betraff

Den Hannergrond ass, datt arabesch Fluchgesellschafte wéi Emirates oder Qatar Airways an de leschte Joren ëmmer méi Passagéier iwwer hir Dréikräizer an der Golfregioun geleet hunn.

Bei Flich an d’Krisegebitt am Noen Oste bleift de Lufthansa-Konzern iwwerdeems virsiichteg. An déi iranesch Haaptstad Teheran solle bis op d’mannst den 30. Abrëll keng Volle goen, op Beirut am Libanon keng bis den 28. Mäerz, an op Tel Aviv an Israel keng Lufthansa-Flich bis den 22. Mäerz.

Op Dubai wëllt de Lufthansa-Konzern (Stand haut) nach bis een Dënschdeg den 10. Mäerz net fléien.

Luxair wëllt am Oktober nei analyséieren

Wéinst der Sécherheetssituatioun am Noen Osten hat d’Luxair hir Linneflich vun an op Dubai ugangs bis muer Samschdeg de 7. Mäerz mat gestrach: Dës Informatioun stoung och de Moien nach ëmmer op der Fluchgesellschaft hirem Internetsite.

De Luxair-Generaldirekter hat awer gëschter Owend bei RTL gesot, datt duerch de Krich déi regulär geplangte Vollen op Dubai guer net méi ugebuede ginn. Réischt am Oktober soll d’Situatioun nei analyséiert ginn, esou de Gilles Feith.

play_arrow Lauschteren