Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Feier an engem Schihotel: Bilan vun den Doudesaffer klëmmt op 76

Tierkei

Nom Feier an engem Schihotel: Bilan vun den Doudesaffer klëmmt op 76

An der Tierkei ass de Bilan vum Feier an engem Schihotel op 76 Doudeger geklommen. D‘Ursaach vum Feier bleift onkloer.

auto_stories

1 min

238 Leit waren am Hotel, wéi d'Feier an der Nuecht vu sonndes op méindes ausgebrach war. Eng Enquête gouf opgemaach. Et ass net kloer, ob all d'Sécherheetsmesuren am Fall vu Feier respektéiert goufen.

9 Leit goufe virleefeg festgeholl, dorënner de Proprietaire vum Hotel.